RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Justin Turpel, 17/10/2016


Listen Later

Neen, d’Europäesch Unioun ass weder sozial, nach solidaresch.
Et ass ganz normal, dat d’Bierger sech net mat däer Europäischer Unioun identifizéieren kënnen a sech géint sou een Europa wieren.
Jo, mir brauchen een anert Europa, e solidarescht, e soziaalt Europa, dat fir seng Bierger do ass, si sozial ofséchert, sech konsequent fir si, hir Rechter, Gesondheet an Ëmwelt asetzt.
Wat mech dobäi immens stéiert ass, datt jiddereen deen d’Europäesch Unioun kritiséiert, als ‘Euroskeptiker’ dohigestallt gëtt. Sou wéi wa jiddereen deen net mat der Politik vun der EU averstan ass, géint Europa wier.
D’Europäesch Unioun, hir Institutiounen a Bürokratie – vu Prodi a Santer bis Barroso a Juncker – vertrëtt haaptsächlech déi wirtschaftlech Interesse vun enger räicher Minoritéit, vu Multien a Konzerner. An dat mecht s’op Käschte vun de Mënschen déi an Europa wunnen, liewen a schaffen. An sou engem Europa kann ee sech net wierklech doheem fillen.
Et gëtt wuel Alternativen zu der EU.
Esou Alternativen bidde weder d’USA nach Russland, China an aner Uniounen, wou d’sozial Ongläichheeten, d’Ausgrenzung an d’Onmënschlechkeet grad sou schnell  - wa net nach méi schnell – zouhuelen wéi bei äis.
D’Zréckzéien op national Grenzen ass och keng Alternativ mat däer et de Leit besser kéint goen.
En anert Europa, en Europa fir d’Bierger kann nëmmen entstoe aus der Mobiliséierung an der Bedeelegung vun de Bierger selwer, de Gewerkschaften an den ONGen – eng Mobiliséierung, déi sech och géint d’Politik vun der EU riicht!
A wat mech nach stéiert ass, datt all Effort fir lokal, national a regional Eegenaarten ze verdeedegen an ze stäerken – sief et d’Sprooch oder d’kulturellt Schafen – direkt als nationalistesch bzw rassistesch dohi gestallt gëtt. Déi Eegenaarten, an och déi Leit, déi sech derfir asetzen, gi vill ze vill vu Rassisten, Populisten an rietsextreme Bewegungen fir hir mënschefeindlech Politik genotzt. Mir duerfe op kee Fall zouloossen, datt all déi Leit déi sech fir sproochlech a kulturell Eegenaarten asetzen, dëse geféierlechen Bewegungen an d’Äerem gedriwwe ginn, well grad dat zu der aktueller Stäerkung vu Rietspopulismus an Friemefeindlechkeet an Europa a soss an der Welt bäidréit.
En anert Europa, an deem d’Mënsche solidaresch mateneen ëmginn a mat hire verschiddene Kulturen niefteneen a mateneen liewen, ass glat net am Widdersproch zu lokalen, nationalen a regionalen Eegenaarten – ganz am Géigendeel!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners