RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Kierch a Relioun, 24/01/2018


Listen Later


D‘lescht Woch ass et also geschitt. D’Parlament huet d‘Lasskoppelegung vu Kierch a Staat gestëmmt. An der Diskussioun doriwer ass ëmmer nëmme vun der Kierch geschwat ginn a ganz seelen vun der Relioun. Do musse mer oppassen. Kierch a Relioun däerf een net mateneen verwiesselen.
Laut Dictionnaire ass Relioun en Ensembel vu Riten déi bedeiten datt et niewent der Welt vum Alldag eppes aneschtes, Helleges gëtt dat d’Séil vum Mënsch mat Gott a Verbindung bréngt.
An d’Kierch? Do ass d’Definitioun méi komplizéiert. Ass et eng Communautéit vu Leit déi un de Jesus Christus als Grënner vun hirer Beweegung gleewen ? Ass et den Ensembel vum Personal an der Hierarchie vun der Beweegung, am Fall vun der kathoulescher Kierch also, vun uewen no ënnen, vum Pobst zu Roum bis bei de Kaploun, eventuell esouguer bis bei d’Laien, d’Katecheten an d‘Volontären? D‘Relioun ass eng privat, scho bal intim Affär. Et gleeft een, wann een e Katholik ass, un d’Dräifaltegkeet, un d’jungfräulech Gebuert säitens der Maria vum Jesus, dorun datt hien sech fir d’Mënschheet geopfert huet a villes méi. Iwwregens gleeft een och un den Däiwel. Dat mécht de gleewege Katholik aus, a, mat verschidde Variabelen, och di aner Chrëschten di keng Katholike sinn.
Em de Glawen ass et schlecht bestallt an der Welt, an der Kierch geet et och net besser. An der Hierarchie herrscht net grad Optimismus. De Pobst reest duecht d‘Welt a wat hien am meeschte mécht, dat ass sech am Numm vu senger Kierch entschëllegen. Et schéngt datt d‘lëtzebuergesch kierchlech, kathoulesch Hierarchie dee Pessimismus deelt. D‘Zäite si batter. Ech huelen un datt sech beim Äerzbistum gesot gouf datt et am beschte wär sech op dat ze konzentréieren wat de core-business vun der Beweegung ass:  sech mat der Relioun a mam Glawe beschäftegen.
Als net gleewege Lëtzebuerger, als Atheist wousst ech datt et Organisatioune géif ginn déi dee gelungenen Numm Kierchefabrik hu mee dobäi ass et bliwwen. Villäicht nach vaguement, d’Fransousen…, den Napoléon… Ech krut also, mat bestëmmt villen aneren, Nohëllefsstonnen a Geschicht. Nohëllefsstonnen a Relioun misst awer eng Gruppéierung kréien vun där ech virum Zodi wierklech nach ni eppes héieren hat: de Syfel, de Syndikat vun de Kierchefabriken.
Wann een dem Syfel nolauschtert huet een d’Impressioun datt Relioun, Spiritualitéit, Glawen a Gott haaptsächlech materiell, profan, weltlech Froe sinn. Datt et vill méi wichteg ass datt ee Proprietär vun enger Kierch ass, wei dat wat een an dem Gebai mécht. Ënnert gudde Chrëschten stellen ech mer eppes anescht vir. Mais, villäicht läit et u mir, an ech hu wierklech näischt matkritt vu Kierch a Relioun.




...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

66 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners