Korsika
Si hunn alles, wat mir net hunn, a mir, wat hinne feelt. Z.B.: Mir hunn “d’Mumm séiss” a si déi korsesch Polyfonie – en Ouereschmaus.
“L’île de Beauté” op franséisch, net hier Sprooch. Mir si weder Insel nach schéin an eist Mir ass d’Stekelter Mouer.
Mir sinn e selbststännege Staat; si net, och kee Stéck Frankräich. Korsika läit jo net am geografeschen Hexagone. Mir och net: mee ouewendrun.
Si haten e Keeser, mir hunn e Groussherzog.
Dogéint hu mir Geld, vill Geld, a si mussen “entrer par la voie étroite”. Tëscht Autonomie, Onofhängegkeet an/oder Staatshëllef vu Paräis “louvoyéieren”.
Si flegen hir Sprooch, bis an d’Parlament eran – e Greiel fir all Francophone. – Eis mëcht et näischt aus, onst Musel-Fränkescht mat Franséischem unzeräicheren – aus Schlamperei, well mir jo Urtexter dax am Moliére sengem Idiom liesen.
D’Korse liesen Jérôme Ferrari. Allerdéngs awer och: si geheie mol Bommen, oder schéissen – wéi hiren dichtechsten Auteur – 200 Joer nom Prosper Mérimée. Bei eis gëtt just Sylvester e Poufert lassgelooss. – Fazit also a Moral vun dëser Kurzgeschicht: Grond genug fir Korsika a Lëtzebuerg ze jumeléieren.
Mir, oder ech, vläicht, verbréngen dann eis lescht Deeg am selwer gesichten Exil a liese Seneca, Philosoph enrem Nero, och Keeser.
Mat béiden, wéi mam Napoleon, ass et schief ausgang; mat eisem dichtechste Keeser allerdéngs och.