Déi Mobiliséierung vu Jonken an Eeleren ass fantastesch, zemol, wou si an enger Zäit könnt, wou ee geduecht hat, et géif praktesch kee sech méi engagéieren. Des Benevollen wölle Mënschen hëllefen. Ob dat aus etheschen oder politesche Motiver ass, si all wëssen, wéi wichteg et ass zu Lëtzebuerg zesummenzehalen an do wou Politik net genügend Mëttel asetzt, anzesprangen.
Keng Sonndesrieden gi gehalen, keng Kommentaren iwwert eis sozial Netzwierker gepost fir schlecht Stëmmung opkommen ze loossen, nee des Benevollen hunn einfach hir Zäit, hir Kompetenzen, hiirt Härz an hier Intelligenz fir anerer bereet gestallt.
An wiem sinn se begéint?
Einfach Mënschen, wéi mir alleguer der sinn; dem Elektriker vun Damaskus, der Schoumeeschtech vun Aleppo, dem Usträicher vu Kabul, déi bis elo anescht ewéi mir gelieft hunn. Zum Deel méi religiés, well si des Reliositéit an hirem Land als Referenzwäert zënter Joerhonnerte kannt hunn. Mais, si hunn grad ewéi mir déi selwecht fundamental mënschlech Grondwäerter vun Hëllefsbereetschaft, Zesummenhalen vun der Famill, Léift, Barmhäerzegkeet fir Leed vun Aneren, Dankbarkeet fir Hëllefsbereetschaft. Wann een dëse Leit begéint a sech Zäit höllt, op si anzegoen, erkennt ee villes Gemeinsames och wann et äusserlech aneschters gelieft gëtt.
Si se dann wierklech esou verschidden. Neen !
Zu Lëtzebuerg war d’Liewen, d‘Behuelen vun eisen Urgousselteren och vu Regelen geprägt, déi aus der Religioun an enger Baueregesellschaft komm sinn. Lues a lues sinn déi Regelen a Fro gestallt a geännert ginn.
D’Flüchtlingen maachen vill Efforten, fir eng, zwou vun eisen Sproochen ze leieren, fir eens ze ginn an dësem fir si dach ganz friemen Ëmfeld, fir sech esou schnell et geet deem Land, dat si empfaangen huet, unzepassen an dankbar ze weisen. Bei verschiddenen, haaptsächlech, bei dene Jonken geet dat erstaunlech séier. Anerer brauche méi Zäit!
All di Lëtzebuerger an och ganz vill Net Lëtzebuerger, di hir Zäit an Energie an deem Sënn hierginn an dobäi esou vill Positives erliewen, soen dat ëmmer erëm. Ob si kulturell Aktivitéiten ubidden, Sproochen ënnerriichten, Leit bei sech ophuelen.. si sinn iwwerrascht, wéi natierlech Leit aus zwou verschiddenen Kulturwelten sech openanerzoubewegen an hei d’Chancen fir e weidert Zesummeliewen entstinn.
D’Oeuvre Grand Duchesse Charlotte huet an deem Sënn eng immens grouss Verantwortung iwwerholl. Si huet Projeten fir dëst Zesummeliewen finanziell ënnerstëtzt. Et sinn 60 Projeten entstanen, déi all eisen Awunner ze Gutts kommen – Flüchtlingen, sozial Schwaachen a Résidents.
Elo ass et awer un der Politik déi Schrëtter an Moossnamen ze huelen, fir dass all des Efforten, vun alle Säiten net verluer ginn, fir dass dee finanziellen an juristesche Kader geschafe gëtt, deen néideg ass. Aus den Erfahrungswäerter bei eis oder aus dem Ausland kann sech d’ Integratiounspolitik bei eis inspiréieren
Zivilgesellschaft huet hir Verantwortung geholl an Engagement an Imaginatioun gewisen – Politik muss an der Integratiounspolitik elo nozéien!