D’Mobilisatioun vun den Net Lëtzebuerger fir dass Sie sech op de Gemenge Wahllëschten aschreiwe gëtt do un de Stänn vu verschidde Veräiner, an Ausstellungen ewéi och an Diskussiounsronnen thematiséiert .
Fir eng Gemeng ass et wichteg dat sech vill vu sengen Awunner politesch a sozial am lokale Liewen abréngen. Leider bleift d’Zuel vun den Net Lëtzebuerger di fir d’Gemengewahlen ageschriwwen si niddreg. 17% vun den Net Lëtzebuerger ware bei de leschte Gemengewahlen ageschriwwen dat stellt hei nëmmen 12% vum Elektorat duer. 2011 waren op 3319 Kandidaten 236 Net Lëtzebuerger. Et goufen deemools 1121 Gemengeréit gewielt dorënner nëmme 17 Net Lëtzebuerger
Nu ass et emol esou, dat Zuel vun de Gemengeréit op Basis vun der Zuel vun allen Awunner – Lëtzebuerger ewéi och net Lëtzebuerger – aus der Gemeng berechent gëtt.
Stellt iech elo emol fir, wat wier, wann d’Zuel vun den Gemengevertrieder ofhängeg vun der Zuel vun den ageschriwwene Wieler wier?
An deem Fall hätte mer dann z.B. an der Stad Lëtzebuerg nëmmen 11 anstatt 27 Conseilleren. 16 missten also ewechfalen. Esch hätt der dann nëmmen 10 anstatt 19 ze gutt a Wolz 6 anstatt 11.
Do missten eis Gemengeréit jo em hiert Mandat kämpfen. Wéien Engagement, wat fir eng Mobilisatioun hätt dat als Konsequenz. Eis politesch Vertrieder missten sech do staark maache fir dat genuch auslännesch Wieler sech op de Wahllëschten aschreiwen. Do misst eng staark Mobilisatioun vun eiser Politik entstoen an de perséinleche Kontakt, den Interessi vun den Net ageschriwwene Bierger aktiv gekuckt an ugepaakt ginn.
Géifen dann eis Gemengepolitiker d’Tatsaach esou einfach hinhuelen, dat di integréiert Mammesprooch Kouren an eiser Primärschoul elo iwwerall am Land ofgeschaaft ginn . Géif de Frust deen des Moossnam elo bei de betraffenen Elteren ausléist, si genau esou wéineg ewéi elo beréieren!? Géifen do eis Parteien sech weider mat allgemengen Opriff zefridde gi? Géif do net en politesche Mouvement opkomme musse well et jo do em vill vill Setz vu politesche Vertrieder an eise Gemenge geet?!
Dëst ass natierlech alles Wonschdenken, well den Ament ass jo Participatioun vun den Net Lëtzebuerger kaum en Thema.
46,7% Net Lëtzebuerger liewe bei eis.
Vun de ronn 400 000 Salariéen zu Lëtzebuerg sinn 71% Net Lëtzebuerger - 45% Frontalieren a 26% auslännesch Residenten. Bei esou Ziffere wonnert een sech dat an dem rezente Rapport Rifkin - dee Pistë fir di 3. industriell Revolutioun zu Lëtzebuerg an den nächste Jore virschléit – d’Thema vum Zesummeliewen nëmme kuerz a ganz generell gesträift gouf.
Kaum Virschléi zur politescher Participatioun, obwuel des 3. Revolutioun sech ewéi am Rapport ënnerstrach gouf op Zesummegehéieregkeet Gefill sech stëtze muss . Elo goufen als Fortsetzung eng ganz Rëtsch Partner gefrot, op dëse Bericht hin, weider heirop ze schaffen, an Virschléi zur Ëmsetzung ze mam. Keen Vertrieder vun den Auslänner Organisatioune gouf gefrot.
Ah jo ech hat vergiess dat beim Thema Participatioun, d’Meenung vun den Net Lëtzebuerger Awunner net gefrot ass !