Eng Réi Lëtzebuerger sinn onzefridden dat si hir Sprooch am Alldag seelen gebrauche kennen.
Vill Netlëtzebuerger léieren eis Sprooch oft owes no der Aarbecht . Si gi vill vu hirer Fräizäit op a mierken ëmmer erëm ewéi schwéier et ass, eis Sprooch ze beherrschen. Ganz oft ass et awer sou dass an hirem Ëmfeld – op der Aarbecht, am Bekanntekrees - d’ Lëtzebuergesch net di prioritär Ëmgangssprooch ass. Trotz hiren Efforten kommen si net richteg weider. 1 bis 2 Mol an der Woch Lëtzebuergesch Couren bréngt net genuch Resultater, wann een dat wat ee geleiert huet net direkt uwenne kann. D’Apprenantisen hunn oft just am Cour Geleeënheet eis Sprooch ze praktizéieren well eisen Alldag sech mat enger helle Wull Sproochen kennzeechent, wou Lëtzebuergesch just eng vun deenen ass.
Wann een de Projet de Loi zur Promotioun vum Lëtzebuergesche liest, da stellt ee fest dat den Aspekt vun der Praxis vun der Sprooch net ernimmt ass. Villäicht ass Praxis am 20 Joren Aktiounsplang virgesinn, mee do huet een eng Occasioun verpasst fir dat Ziel kloer dranzeschreiwen. Et iwwerléisst een de Biergerfore, die am Gesetz virgesinn si, Prioritéiten ze setzen.
Sproochepraxis bleift deem Eenzelen iwwerlooss. Wann deen et fäerdeg bréngt an e Lëtzebuerger Milieu eranzekommen, dann huet en Chance eis Sprooch ze praktizéieren a lues a lues sech se unzëeegnen. Ass dat net de Fall, leiert ee Sprooch z.b. fir Lëtzebuerger ze ginn a mat der Zäit verléiert een se, well ee wéineg Geleeënheet huet se ze praktizéieren
Mir an der ASTI lee vill Wäert op Sproochpraxis duerch Aktivitéiten, wéi zB Gespréichsdescher. Mee dat kascht Organisatioun, well do musse Aktivitéiten ugebuede ginn, wou Benevoller ewéi Interessenten sech bei der Sprochpraxiss begéinen a wou des Sproochaktivitéiten virbereet musse ginn . Vun esou Mossnahmen steet kee Wuert am Projet de loi.
Vill Frontaliere mellen sech an der Agence du Benevolat, well si sech an enger Vereenegung wëllen engagéiere wou se d’Méiglechkeet hunn lëtzebuergesch ze praktizéieren. Wier dat net emol eng Idee dat di vill Lëtzebuerger Veräiner Reklamm fir hire Veräi géife maachen, andeems si d’Méiglechkeet vun der lëtzebuergescher Sproochpraxiss géifen ervirhiewen.
De Contrat d’Accueil et d’Integratioun CAI genannt - gesäit Sproochmoosnahme vir – 60 bis 120 Stonne bëlleg Sproochecourse –wäit ewech vun den 600 Stonnen di an Däitschland fiert Däitscht am Integratiounsvertrag virgesi sinn! Dobäi hunn di Netlëtzebuerger et bei eis vill méi schwéier eng Sprooch ze leiere, well jo am Alldag vill aner Sproochen dauernd geschwat gin.
Kee Wuert vum CAI am Projet de Loi zur Promotioun vum Lëtzebuergesche – dobäi besteet d’Halschent vun eisen Awunnergeschwenn aus Netlëtzebuerger !
Et huet een d’ Gefill dat hei eis Sprooch e bëssen ewéi en Museesstéck behandelt gëtt ,wou een Evenementer, Stukturen muss organiséiere fir se wouer ze huelen ? .