Ewéi ass dat nëmme meigelech? Firwat gi Jonk Leit die bei eis opgewuess sinn esou radikal ? A wat kann een dogéint maachen?
Gesetzer stëmmen, d’Constitutioun änneren, wou eis Grondrechter beschnidde ginn am Numm vun der Gefor, vun der Protektioun vun den Awunner aus eisem Land, kann net d’ Äntwert sinn !
Secher ass den Zentrum géint Deradikalisatioun respect.lu - dee virum Summer gegrënnt gouf - eng wichteg Hellefstellung fir Ursaachen a Radikalisatiouns- Tendenzen ze bekämpfen.
Mee wier Politik net mei wierksam wa an eise Schoulen systematesch vun de geliefte Realitéite vun de Leit die bei eis wunnen, vun hire Kulturen, vun hire Reliounen geschwat géif gin. Wellecht sinn eis Identitéiten, eis d’Ënnerscheeder mee virun allem eis Gemeinsamkeeten? Vill vun eise jonken Net Lëtzebuerger wësse wéineg iwwert d’Geschicht vum Land vun hiren Elteren.
Des Themen missten Fächeriwergreifend behandelt ginn. Dofir brauche mer Mëttele a mir däerfen eis net mat Alibi Projeën begnügen. D’Universitéit kéint do an Zesummenaarbecht mat den Acteuren um Terrain vill bäidroen.
Mee anstatt sech Gedanken iwwer esou eng Politik ze maachen, debattéiere mer iwwert e Vermummungs Gesetz. Mir verstäerken esou Mësstrauen, stigmatiséieren d’Awunner vun enger Relioun, fëllen de politeschen Débat mat marginalen Erscheinungen.
Wou ass d’ Ennerstëtzung un Jonken dei schoulesch méi e schweieren Wee hun? Wa Jonker mat 25 Joer motivéiert sin nach en Ofschloss ze machen, kreien sie kee Kannergeld, an sie kennen net mei gratis mam öffentlechen Transport fueren - och net emol fir de Wee an t'Schoul oder op t' Léierplaaz. Studenten awer hun de fraien Transport bis 30 Joer!
Dei Jonk, die an Owescoure probeieren schoulesch weider ze kommen, gi kaum encouragéiert a kreie keng Unerkennung: kee Kannergeld, keng Meiglechkeet fir e Subside vum CePAS de Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires freieren CPOS- keng Ennerstetzung fir den Transport, obschon se oft a finanziell komplizéierte Situatiounen liewen... meeschtens packen des Jonk et dann net.
Eis Ministèren widerspriechen sech do: op enger Seit wëlle mer onbedengt dat Jonker mat engem Diplom ofschléissen, anersaits ennerstetzen se die Jonk net die et schwéier hun mat der Schoul matzehalen.
Frust a Roserei kennt dann op. Dëst kann e fruchtbare Buedem fir radikal Ideen ginn.
Esou laang ewei Lëtzebuerg ekonomesch gutt do steet, kann een dovunner ausgoen dat Jonker iergendwéi hir Platz wäerte fannen. Mee wat geschitt wann dat net mei esou ass, an de Staat manner Suen ze verdeelen huet ?