RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Laura Zuccoli, 30/05/2018


Listen Later

Ewéi ass dat méiglech dat en Europa wat sech zu chrëschtleche Wäerter bekennt, Gesetzer stëmmt ewéi z.B. a Frankräich wou hëllefsbereet Mënsche bestrooft gi well si illegal Migranten ënnerstëtzen. Mënsche gi veruerteelt well se aneren hëllefen?! An 12 Länner an Europa ass dat den Ament de Fall.
 
Haltung vu Länner ewéi Ungarn di Flüchtlingen dorënner Kanner virum pickegen Drot hirem ausweglose Schicksal iwwerloossen, Griicheland wou an total mënschenonwierdegen Zoustänn Dausende vu Flüchtlingen a vill ze klenge Lagere geperscht ginn, op Insele wou si net fort kommen a wou se Joren op eng Äntwert op hir Flüchtlingsdemande waarden.
Italien wou Migrante récksiichtslos ausgenotzt ginn a fir en Hongerloun z.B. an Uebstplantagë schaffen, mafiöse Banden ausgeliwwert sinn an dat mam Wësse vun der Politik!
Hei muss Zivilgesellschaft d’europäesch Politik duerzou bréngen d’Fro vun de Migratiounen an Europa op mënschlech Aart a Weis ze reegelen.
 
D’Initiative Citoyenne Européenne (ICE) «Mir sinn e gaaschtfrëndlecht Europa. Loosst eis hëllefen !» ass eng europäesch Petitioun di fuedert dat Europa zeréck kennt op seng Grondwäerter vu Mënschlechkeet an Toleranz.
 
D’europäesch Kommissioun soll konkret Garantië gi fir méi effikass Reegele géint de Mënschenhandel, fir dat fundamental Mënscherechter net un eisen europäesch Aussegrenze violéiert ginn.
 
Zivilgesellschaft ass bereet an dëser Fro seng Verantwortungen ze huelen
Millioune vun EU Bierger - dorënner och vill Awunner aus eisem Land - hunn sech fiert Flüchtlinge mobiliséiert.
Di enorm Solidaritéitsbewegung beweisen di 85 Projeten di iwwert d’Oeuvre Grand Duchesse Charlotte bei eis finanzéiert goufen. Si hunn et erlaabt d’Erausfuerderunge vun der Flüchtlingskrise hei opzefänken
 
Petitioun Initiative Citoyenne Européenne (ICE) « Mir sinn e gaaschtfrëndlecht Europa. Loosst eis hëllefen !» fuerdert d’ Kommissioun an d’Europaparlament op, der Zivilgesellschaft ze erlaben, direkt Flüchtlingen aus de Kriselänner bei eis opzehuelen an esou eng optimal Integratioun ze garantéieren.
 
Mat enger Ënnerschrëft gi mir Bierger en staarkt Zeechen, fir  Grondwäerter ewéi Mënscherechter an Toleranz, fir e mënschlecht an oppent Europa, géint Populisten a Rietsextremismus.
 
Ënnerschreift d'Petitioun, gitt op asti.lu oder op weareawelcomingeurope.eu


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners