RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Laura Zuccoli, 31/05/2017


Listen Later


Wou bleift eng koordinéiert a proaktiv Aschreiwungscampagne? Keng Affichen! Kee Spot op den Radioen, näischt op der Tëlee. Sécher eng Rei Initiative sinn am Gaang: esou goufen eng 50 Multiplicateuren ausgebilt déi hir Landsleit iwwert d’Wichtegkeet fir sech anzeschreiwen iwwerzeege sollen. Och eng Rëtsch Gemenge schécke Bréiwer un hir Auslännesch Residenten eraus, maachen hire Biergerzenter extra 2 Samschdeger op. Broschüren an Flyere goufen an ville Sprooche gedréckt. Mee all dës Initiative gesäit ee kaum!
Wou sinn d’Aussoe vun de Parteien derzou ? Wou sin di eng oder aner Aktiounen ? Parteien sinn all elo am gaangen hir Leschte virzestellen, mee kaum gëtt e Net Lëtzebuerger Kandidat an de Virdergrond gestallt, fir esou d’Wichtegkeet vun sengem Engagement fir d’Zesummeliewen ze ënnersträichen ! Villäicht läit dat och dorunner datt ee kaum Net Lëtzebuerger Kandidaten op de Gemengewahllëschten gët!  Et huet een d’Impressioun, dat Wahlbedeelegung vun den Auslänner en Tabu Thema ass.
D’Politesch Campagne fir Gemengewahle leeft am September un. De Stéchdatum fir sech als Auslänner fir déi nächst Gemengewahlen anzeschreiwen ass den 13. Juli! Do muss ee schonns immens u Politik interesséiert sinn, wësse wéi wichteg Gemengepolitik ass, fir sech ze motivéiere a sech elo schonns anzeschreiwen. A wann da wichteg lokal Politiker soen, majo wann d’Auslänner sech net aschreiwen, heescht dat datt sie mat eiser Politik zefridde sinn, da froen ech mech firwat mer iwwerhaapt solle wiele goen? Ech hunn ëmmer geduecht et géif drëms goen datt d’Vollek duech d’Wahlen die duerchgefouert Politik zensuréiert oder och net.

D’Nationalitéitegesetz, fir Lëtzebuerger ze ginn, gesäit elo eng Residenzzäit vun 5 Joer vir, och mat Ënnerbriechungen. Et muss een awer 5 Joer ouni Ënnerbriechung zu Lëtzebuerg gelieft hu fir sech als Net Lëtzebuerger op Gemengewahllëschten anzeschreiwen!  Wou ass do Logik!?

Et gëtt keng Gemeng méi am Land déi manner ewéi 20 % Net Lëtzebuerger Residente huet! Vill Gemenge leie bei iwwer 40 % an verschidden - besonnesch grouss Gemengen - tësche 50 an 70%! Kann een da nach vun Demokratie schwätze wann een dat einfach viru sech hi lafe léisst, sech begnügt datt nëmme Lëtzebuerger wielen – well dei gi jo net gefrot op se dat wëllen oder net! De Wäert vun enger Demokratie jügéiert een dorunner wéi vill Leit op de Wahllëschten ageschriwwe sinn. Also misst eis Politik am Fall vu Lëtzebuerg sech immens an Geschir werfen, fir datt esou vill ewéi méiglech Net Lëtzebuerger sech op de Gemengewahlleschten aschreiwen. An dat kascht Iwwerzeegungskraaft, Erklärungen – mir brauchen jo just iwwert eis Grenzen ewech ze kucken, wou ëmmer mei Wieler vun der Politik enttäuscht sinn, a net méi wiele ginn!

Mir mussen zu Lëtzebuerg zesummenhalen! Dëst as sécher méi einfach an Zäite vun ekonomeschem Wuesstem. Mee mir mussen dofir suergen - grad elo - datt mer den ëmmer méi zahlreiche Net Lëtzebuerger eng Plaz an eiser Politik ginn, an de Parteien, op de Wahllëschten an an den Gemengekommissiounen.

D’Demokratie vun engem Land miesst sech un der reeller Bedeelegung vun all sengen Awunner un de Wahlen.Ssoss lafe mer Gefor datt eist Zesummeliewe bei der klengster Schwieregkeet zesummefält. An dat ass a kengem sengem Interessi!




...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners