RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Laurent Loschetter, 04/04/2018


Listen Later

Déi eng probéieren, ze positivéieren an nennen et "Nei Mobilitéit", déi aner gesinn eng Aart Klassekampf tëscht deenen, déi all Dag 2 Stonnen um Aarbechtswee verléieren, an deenen, déi et sech erlabe kënnen, an der Stad ze liewen. Eise Premier huet a senger leschter Ried zu Lag vun der Natioun vun „Immobilitéit zu Lëtzebuerg" geschwat.

Rieds geet natierlech ëm den alldeegleche Chaos op eise Stroossen. Do, wou et viru 5 Joer heiansdo een Dag méi lues am Verkéier weidergaangen ass, wou virun 2 Joer schonn um 16 Auer näischt méi a Richtung Arel, Tréier oder Metz gaangen ass, ass et haut einfach all Schaffdag, egal wéini am Dag, net méi méiglech vun A op B ze fueren.

Et kommen all Dag 176.000 Leit an eist Land schaffen, déi net zu Lëtzebuerg wunnen: Si kommen eis Heizung flécken, eis Bréidercher baken, Steier-Ruling mat VW schreiwen an eis de Menu du Jour zerwéieren. Ze soen, dass mer se net brauchen oder net wëllen, oder dass se dach w.e.g. vun doheem aus schaffe sollen, ass net ganz glafwierdeg..

De Stau betrëfft net nëmme Frontalieren oder déi, déi dra festsëtzen. Et concernéiert d'Land, seng Ëmwelt, seng Awunner, seng Aarbechter a seng Finanzen.

Et si Firmaen, déi duerch de Brexit en neit Doheem sichen, déi net op Lëtzebuerg komme wëllen, well se hiren Employéen déi Wunn- an Transport-Nout net wëllen undoen.

Vill Handwierksbetriber verléieren all Joer u Kompetitivitéit, well hir Leit onrentabel op der Autobunn Diesel verbrennen. Net ze schwätze vun der Liewensqualitéit vun eisen Employéen, déi um Aarbechtswee grad laanscht hiren éischte Burn Out vum Dag gefuer sinn, an dat laang éier se 1 Minutt fir hire Patron schaffe konnten, deem et och egal ass, ob se op 2 oder 3 Bunnen am Stau stinn.

Net sécher, dass déi di d'Romantik vun engem Tram mat de selwechten Aen gesinn wéi mir. Do kënne mer bei der Ilres nach esou vill Sondagen bestelle wéi mer wëllen.

Eng Ressource, fir dem Problem op d'mannst entgéintzewierken, gëtt menger Meenung no net genuch gebraucht: De Mënsch a seng Autoritéit op aner Mënschen.

Ech erkläre mech: Wéini hutt Dir fir d'lescht e Polizist op enger Kräizung gesinn, d'Iwwerhand op d'Rout Luuchten huelen? Wéini hutt Dir materlieft, wéi e Policeauto bei engem Stau stoe bliwwen ass, z.B. wéinst engem Entrepreneur, deen einfach eng Bunn späert, obwuel keen um Chantier schafft, oder duerch e Liwwercamion, dee moies um 8 Auer um Boulevard Royal ofluet?

Hei zwee Beispiller, dei mol net eng Woch al ass: moies fréi stoung e franséischen Auto op der Pannespur bei der Aire de Bierchem, mëttes haten d'Ponts et Chaussées Hittercher ronderëm gestallt, owes stoung souguer eng Remorque mat engem Liicht-Feil virdrun. Den Dag drop stoung den Auto nach ëmmer do, soudass d'Pannespur 2 Deeg laang fir dësen Non-Event zou war. Wisou hu mer den Auto net einfach ofgeschleeft a sécher an der Fourrière stockéiert? Mir sinn dach soss ëmmer esou séier, fir Autoen ofzeschleefen, déi falsch parken?

Wisou, wann no engem Concert an der Rockhal 6.000 Leit op engem Dënschdeg um 11 Auer owes heemfueren, sinn d'Rout Luuchten um Belval net anescht agestallt, oder nach besser, firwat steet déi Stonn keng Police op de Kräizungen, fir d'Leit einfach erauszewénken? Si musse jo souwisou sur place gewiescht sinn, well jo jiddereen ee gepecht krut, deen an den Niewestroosse geparkt hat.

Um Site vun der Police, ënnert de Missioune vum „Service Régional de Police de la Route" steet dëse Saz: ..."assurer la fluidité du trafic et la mise en place de déviations notamment en cas d'accidents" ...

Ma do hu mer jo d'Léisung: kommt mir ginn deem Service e Brochdeel vum Budget vun den Infrastrukturen déi mer bauen, a mir kucken, dass se permanent op de Stroosse sinn, net nëmme fir ze strofen a pechen, mä fir mat hirer Autoritéit als Polizist alles aus dem Wee ze raumen, wat den Trafic behënnere kënnt, also fir déi kleng Problemer ze léisen, éier se grouss ginn.

All Dag, op all Haaptachse, eng Patrull, där hire primären Job et wier, den Trafic (ech zitéieren) ze "fluidifiéieren". Hiren Job wär et, alles ze maachen, dass eisen Aarbechtswee esou kuerz a sécher wéi méiglech wier.

An dann kenne mer jo weider dreemen : Op all Kräizung e frëndleche Polizist, deen Iech duerchwénkt an Iech e gudden Dag wënscht, an owes dat selwecht an där anerer Richtung, vläicht esouguer mat enger Blumm um Kepi. Wär dat da keng nei a schéin Image de Marque fir eis Police, elo wou se de frëndleche Logo hunn, géif dat genau gutt passen...  mä bon, do froen ech bestëmmt ze vill.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners