RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Laurent Loschetter, 11/09/2017


Listen Later


Wéi déi franséisch Journalistin Marie Colmant et viru kuerzem thematiséiert huet, sinn et ronn 30 Joer hier, dass dat Wuert Fatwa an eise Medien ukomm ass, en Wuert waat quasi nett bekannt wor an eise Medien an vun engem Daag op den Aaneren eng grous Bedeitung kruut.
Wéi koum et dozou?
 
1988 huet den indesche Schrëftsteller Salman Rushdi säi véiert Buch erausginn, mam Titel „Les Versets Sataniques“. An deem Roman geet et drëms, dass de Satan, an net den Allah, zäitweis duerch dem Mohammed säi Mond geschwat hätt ... bref et wor en "touchy" Thema.
 
Nodeems d’Buch scho 4 Méint dobausse wor an et relativ séier an Indien verbuede gouf, huet de groussen Ayatollah Khomeini aus dem Iran eng offiziell "Fatwa" géint de Salman Rusdhi ausgesprach  ... en offizielle Befeel un all Moslem, weltwäit, hien doutzemaachen, dobäi koum eng initial Primm vun 50 Dausend Dollar, déi sech haut op bal 4 Milliounen Dollar chiffréiert.
 
An op eemol sinn déi Biller opgetaucht, déi kee méi geduecht hätt, ze gesinn: Et si Bicher verbrannt ginn, iwwerall op der Welt si Bicher verbrannt ginn ... Zeene wéi aus dem Film Fahrenheit 451. Riseg Kéip vu Bicher a Flamen a komplett mouch reliéis Figuren, déi der Welt erklären, dass Bicher geféierlech sinn an zerstéiert musse ginn fir d’Lait vum Wahnsinn ze schützen.
 
A wéi eise geniale Representant am Europaparlament géif soen, esou Biller hate mer zënter der Nazi-Zäit net méi gesinn. Woubäi hie fir eng Kéier keng Dommheet gesot hätt, et je pèse mes mots.
 
Direkt vun 1933 un hunn di Hären Hitler a Goebbels nämlech déi sougenannten Autodaféen agesat, wou Onmasse vu Bicher feierlech an ënner grousser Inzenéierung ëffentlech verbrannt goufen .. et goung ochschons dei Zait drëms, déi „richteg“ däitsch Bierger virun der jiddescher Influenz ze schützen.
 
Déi selwecht Biller ronn 50 Joer duerno nach eng Kéier ze gesinn, wor einfach en enorme Schock. D’Mënschheet hat geduecht, domadder ofgeschloss ze hunn, d’Kultur, wouvunner hei d'Bicher als Symbol gebraucht ginn un de Pranger ze stellen an als Gefor fir d'Mënschheet ze bezeechnen.
Bei der Konkurrenz-Fraktioun vun den Ultra-Katholiken sinn se och aktif ginn an e Kino zu Paräis a Brand gestach während enger Representatioun vum Martin Scorsese sengem „La dernière tentation du Christ“
Schonn nees Kultur, déi brennt.
 
Mir sinn elo 2017 a kéinten denken, dass dat alles Passé ass, de Rushdi lieft matt enger neier identiteit an ënner Police-Protektioun an England, den Iran ass ganz lues ënnerwee Richtung Demokratie: Alles OK kéint ee soen.
 
Ma ech mengen net ... dem Rushdi seng Fatwa wor eng Zort Start-Schoss fir eng permanent Attack vun Extremisten op alles, wat Kultur ka representéieren.
 
D’Attacken no de Mohammed-Karikaturen an Dänemark 2005, d’Attack op Charlie Hebdo 2015, d'Zerstéierung vu Palmyra duerch den IS, d’Attack op de Bataclan zu Paräis, a ganz rezent den Attentat um Ariana-Grande-Concert zu Manchester. All déi Evenementer si souzesoen Ierfstécker vun dëser Fatwa.
 
Et ass also net vu Muttwëll, wéi e Rappel vun engem Vaccin, sech all 10 Joer un déi Fatwa ze erënneren ... an et soll een natierlech och ophalen, bizzaroïd Nazi-Vergläicher op Facebook ze publizéieren, mä dat hu jo déi meescht verstanen ... och wann nach net all.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners