RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Laurent Loschetter, 20/06/2018


Listen Later

Et ass elo schonn eng al Traditioun, dass op dësem Sender, kuerz virun den Noriichte moies, ee gefrot gëtt, seng Meenung ze soen, iwwert e Sujet au Choix, di sougenannten "Carte Blanche".

Mä wat ass eng Carte Blanche?

Der Definitioun am Dictionnaire no ass et en Optrag, eppes ze maachen, wou all d’Instruktiounen op enger Carte, also engem Blat stinn: Well d'Blat an dësem Fall wäiss ass, ginn et keng Instruktiounen.

Et ass also en Optrag, dat ze maachen, wat ee fir gutt fënnt, an dat ka bis zum Béisaartege goen, oder eng parteiesch Meenung sinn, wou een net ëmmer wäit ewech ass vun "Fake News".

A Krichszäiten heescht “donner carte blanche”, dass de Verléierer sech ouni Konditiounen dem Gewënner ergëtt, ouni Recht op iergend e Stéck Zocker.

Am Fall vun dëser Carte Blanche ass déi eenzeg Virgab, deen ee vun der RTL-Redaktioun mat op de Wee kritt: maximum 700 Wieder an net méi wei 2 Minutten. Den aarme Nolauschterer ass forcéiert, nozelauschteren.

Sou wäit esou gutt, mä wien decidéiert, wien eng Carte Blanche soll schwätzen?

Gefrot, gi Leit, déi Wëssen hunn, Kritiker, Historiker, Professeren, Leit, déi eppes aus hirem Fach ze zielen hunn, an déi et och kënnen interessant eriwwerbréngen.

An da gi Leit gefrot, wou ee sech d'Fro stelle kann: Wat fir eng Kompetenzen huet deen dann elo opbruet, fir ënnert d'Gonscht vun dësem Privileeg ze falen? Déi immens Geleeënheet, fir 2 Minutte laang iwwer Gott an d'Welt ze philosophéieren, dat och nach am Primetime, wann d'Matbierger am Stau sëtzen.

Genau déi Fro hunn ech mir a mengem Fall gestallt ... an hu keng Äntwert fonnt.

Wahrscheinlech sinn ech gefrot ginn, bëssi wéi dem Kinnek säi Geck, am Genre: So, du hues jo ëmmer eng Meenung zu Allem a fäerts net se ze soen, wëlls du eng Carte Blanche schreiwen?

Ech hunn dann och gedoktert, iwwer d'Politik, de Stau, déi abyssal Dommheet vu verschidde Leit op Facebook, iwwer Grand-Ducs, hunn iwwer den Terrorismus geschwat a wéi mir eist Liewen net däerfen dowéinst ëmstellen, wéi modern ech déi kathoulesch Kierch fannen, iwwer dem Geheimdéngscht seng super Aueren, déi de Premier ophuele kënnen, iwwer genial Hëllefsorganisatiounen am Bangladesch, iwwer d’Auere-Sammlung vun engem décken Entrepreneur a wat en domadder mécht, iwwer d'Tatsaach, dass wéinst kuerzfristegem politeschen Interessi gutt Iddien a Projeten ofgeschoss ginn, an, an, an, ...

Ech hunn dat ëmmer mat Freed an Toleranz gemaach, och wann den Toun dacks ironesch a liicht zynesch war.

A fir haut si mer nees esou vill Sujeten agefall, wéi de leschte Kaddo un d’CGFP, de Manktem un Entrepreneur-Geescht zu Lëtzebuerg, déi ze vill staatlech Kulturzeen, déi immens Petitioun 1031, déi et vläicht endlech erlaabt, eng éierlech Diskussioun iwwer rekreatiivt Gras ze hunn, an esou weider.

Ech hunn awer gemierkt, dass den Toun geännert huet, en ass net mäi ironesch, mä verbattert, en ass net mäi zynesch, mä gereizt.

Et ass Zäit, méi talentéiert Leit un de Mikro ze loossen, oder déi méi Jonk, deenen hir Meenung wëlle mer héieren, mat hire Wierder an an hirem Toun.

Lëtzebuerg ass en absolut geniaalt Land, wou et gutt ze liewen an ze schaffen ass. Ech hunn och d'Gefill, dass et déi lescht Jore staark biergop Richtung Modernitéit gaangen ass. Dëst ass awer just meng Meenung, an ech wëll se kengem (méi) imposéieren.

Ech soen RTL Merci fir d'Vertrauen, entschëllege mech bei deenen, déi ech esou fréi am Dag scho genervt hunn, a schléissen dann heimatter meng lescht Carte Blanche of, an 2 Minutten a bal 700 Wieder.





...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners