Heiando héiert ee reaktionär Stëmmen, och zu Lëtzebuerg, déi op eng méi oder och manner subversiv Manéier d’Gläichberechtegung vu Mann a Fra an der Gesellschaft a Fro stellen. Dobei gi bewosst Saache vermëscht: Gender-Theorie, Fraequot, Feminismus… De Feminismus gett diskreditéiert, andeems en als reliéis Ideologie dohigestallt gett.
An Zäiten, an deene “fake news” an “alternativ Fakten“ Tromp sinn, wier et sënnvoll sech nees op d’Etymologie, also op den ursprénglechen an eigentleche Sënn vun de Wierder ze besënnen.
D’”Gender-Theorie” oder “théorie du genre” geet zréck op de laténgesche Begrëff “Genus” , deen als éischt Bedeitung “Kategorie, Typ oder Aart“, a réischt als zweet Bedeitung “Geschlecht” huet. Nodeems den Term fir d’Éischt um Enn vum 19. Jorhonnert gebraucht gouf, entfaalt sech d’Konzept vun den “études du genre“ an de 50er Joren am psychiatreschen a medezinesche Milieu. Ab de 70er gouf de Begrëff “Genre” dann heefeg vu Feministinne gebraucht, fir ze beweisen, datt d’Ongläichheeten tëscht Männer a Fraen éischter op sozial, kulturell an ökonomesch Facteuren zréckzeféire sinn wi op biologesch Differenzen.
Wubäi mer da beim Feminismus wieren. Wee Feminismus als Relioun bezeechent, ignoréiert bewosst, dass 1. de Feminismus eng Beweegung ass bei där et ëm d’Gläichberechtegung vu Mann a Fra geet, di op d’Emanzipatioun vun der Fra ziilt, op hir Gläichstellung mam Mann an der Gesellschaft, an ignoréiert 2. dass op där anerer Säit d‘Reliounen, virun allem di monothéistesch, sech nierwt dem Glawen un een iwwernatierlecht – a wuel männlecht – Wiesen duerch eng jorhonnertelaang Ënnerdréckung an Diskriminéierung vun der Fra auszeechnen, zum Deel och nach haut. Et muss een also feststellen, datt di zwee Begrëffer Feminismus a Relioun net méi widderspréchlech kéinte sinn.
Feminismus ass keen Interesseveräin vu frustréierten, psycho-sexuell gestéierten oder frigide Fraen. Et ass eng humanistesch an opkläreresch politesch Bewegung vu Fraen a Männer, déi reell Ongerechtegkeeten an der Gesellschaft wëlle verschwannen dinn.
Dass déi Stëmmen, di d’Gläichstellung vu Mann a Fra a Fro stellen, aus dem monotheistesch-reliéise Milieu kommen oder deem politesch staark verbonne sinn, ass net verwonnerlech. An genau dat weist, dass ee muss oppassen, dass déi gesellschaftlech Errungenschaften a Westeuropa, di géint den erbatterte Widderstand vun de Reliounen an hiere politeschen Acolyten erkämpft goufen, elo net nees vu deenen an d’Viséier geholl ginn. Et heescht deemno vigilent bleiwen.
Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu
Mitglied International Humanist and Ethical Union (IHEU)
Mitglied European Humanist Federation (EHF)
Mitglied Alliance for a Secular Europe
Mitglied Cercle de Coopération des Associations laïques (CCAL)