RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Laurent Schley, 14/12/2016


Listen Later



De Mount Dezember ass eng Zäit, an där regelméisseg gewësse Leit drop hiweisen, dass jo d'Gebuert vum Jesuskëndchen d'Quell vun eiser Zivilisatioun géif duerstellen, an dass et genau aus deem Grond eng Zäit zur Besënnung misst sinn. Et gëtt sech och doriwwer beklot, dass an eiser Welt mat ëmmer méi reliounsfräie Mënschen, de Mënsch ëmmer méi an den Abseits géing geroden, an dofir misst grad op Chrëschtdag erëm méi un ee "Gott" respektiv un ee Këndche geduecht ginn, dat op eng net-biologesch Aart a Weis soll entstane sinn. 't ass scho skurril: de Mënsch geréit anscheinend duerch Wëssenschaft, Opklärung an Demokratie an den Abseits, a fir dat ze konteren, solle mer eis reliéisem Glawen un Nët-Bewisenes an Nët-Beweisbares widmen. Hallo?
Déi Deeg ronderëm de 25. Dezember ass historesch gesi bei ville Vëlker d'Wantersonnewend gefeiert ginn, no där bekanntlech d'Nuechten nees méi kuerz ginn an d'Deeg méi laang. D'Kierch huet deen Dag einfach mat hierer Krëppchegeschicht besat, a mécht zanterhier, wéi wann se dee Feierdag erfonnt hätt.
Des Weidere misst een dach mengen, dass wann ee wëllt verhënneren, dass de Mënsch an den Abseits geréit, een sech soll op de Mënsch konzentréieren, an net op imaginär „Götter“? Sech op de Mënsch konzentréieren, genau dat maachen d'Humanisten. Si setzen sech a fir Opklärung, Toleranz a mënschlech Wäerter, déi, wéi am Fall vun de Mënscherechter, de Rechter vun der Fra a vum Kand, oder de Rechter vun Homosexuellen, oft géint den erbatterte Widderstand vun de Reliounen duerchgesat hu misse ginn.
Eppes soll dofir kloer gesot sinn: Keen huet de Monopol op eist Wanterfest, egal wat fir een Numm een deem gëtt! Jiddwer reliounsfräie Mënsch kann an däerf natierlech Chrëschtdag op seng Aart a Weis feieren, oder et ebe si loossen. Zu Lëtzebuerg feiert wuel d'Majoritéit vun dee Leit "X-Mas" ouni di geréngste reliéis Konnotatioun an och dee sougenannte "Chrëschtbeemchen" huet säin Ursprong net am Chrëschtentum. Vill reliounsfräi Leit weltwäit, vu verschiddenen Nationalitéiten, Kulturen, a.s.w., gesi jiddwerfalls dee famouse Chrëschtdag als eng Méiglechkeet, de Wanter ze feieren, dee mat senge kuerzen Deeg a laangen Nuechten, mat senger Keelt an eventuell enger schnéi-iwwerdeckter Natur eng ganz besonnesch Atmosphär schaaft. Ee flott Fest wou ee beim oppene Feier mat senger Famill zesummekënnt, déi ee mat Kaddoe begléckt, eng Feier, déi ee genéisst mat guddem Iessen an Drénken, mat flotter selwer erausgesichter Musek, a mat allem wat ee soss nach wëllt dobäi hunn!
Am Mëttelpunkt bei all deem steet dann ebe grad dee real existéierende Mënsch.

Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu

Member International Humanist and Ethical Union (IHEU)
Member European Humanist Federation (EHF)
Member Alliance for a Secular Europe
Member Cercle de Coopération des Associations laïques (CCAL)


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners