RTL - Carte Blanche

Carte Blanche - Laurent Schley, 29/09/2017


Listen Later



Medien hu bekanntlech eng grouss Muecht. Am Fall vun enger neutraler Berichterstattung sinn se eng wichteg Informatiounsquell fir d’Bierger. Am Fall vu manner neutraler a méi eesäiteger Berichterstattung awer kënnen d’Leit och massiv manipuléiert ginn. Wann ee Medienorgan enger politescher Richtung nosteet, kann een dat vläicht nach iergendwéi novollzéien. Wann awer deen eenzegen Aktionär vun engem Mediengrupp eng fraefeindlech an homophob reliéis Ideologie representéiert, a permanent probéiert, iwwert eng politesch Partei Afloss op déi ganz Gesellschaft ze kréien, da fänkt et un, schwéier akzeptéierbar ze ginn.

D’Demissioun vum Chefredakter vum Wort werft an deem Kontext Froen op. Och wann deen eenzegen Aktionär vum Wort de Bistum ass, also de facto d’Kathoulesch Kierch, an och wann an der "ligne éditoriale" vun der "doctrine sociale catholique" geschwat gëtt, sou muss een als Aussestoenden awer unerkennen, dass deen demissionäre Chefredakter et fäerdeg bruecht hat, deene kathoulesche Wellen e bëssi d’Stir ze weisen. Während senger net grad 4-järeger Amtszäit war d‘Wort méi neutral wéi jee virdrun. Net perfekt, mee ëmmerhin. Souguer déi béis Atheiste vun AHA hunn et alt mol mat engem Communiqué oder Lieserbréif an d’Wort gepackt. Déi meescht Journalisten déi do schaffe ware mat där Approche ganz zefridden, wéi se och an enger gemeinsamer Stellungnam geäussert hunn. Ma genau déi Approche vu méi neutraler Informatioun ass dem Chefredakter wuel zum Verhängnes ginn.

Ziel vun där Chefredakter-Austauschaktioun wier laut Saint-Paul-Chef Luc Frieden, fir d‘Wort nees méi riets auszeriichten. Ech wéilt net an der Haut vun deenen dräi stiechen, di erausgesicht goufen, fir dat ëmzesetzen. Oder sollten si sech tatsächlech just als trei Bistums-Vasallen entpuppen, déi wéi Algen am kathoulesche Mier matschwammen? Ech hoffen et net. Ze hoffen ass och, dass déi vill gutt Journalisten, déi beim Wort schaffen ouni mam Bistum eppes um Hutt ze hunn, elo net an eng "Vogel friss oder stirb"-Situatioun kommen. Well, dass beim Bistum vu senger eegener soit-disant chrëschtlecher Nächsteléift oft net vill ze spieren ass, huet ee spéitstens 2012 gesinn, wéi de Groupe Saint-Paul äiskal 68 Leit ewechrationaliséiert huet, an der 91 soi-disant fräiwëlleg an d’Fréipensioun gaange sinn…

Zum Thema „d’Wort méi riets ausriichten“: Op déi Iddi vum Luc Frieden en vu vum Wahlresultat vun der riets-extremer AfD an Däitschland eng gutt ass, woen ech ze bezweifelen. Oder sollt awer eppes un de Rumeuren dru sinn, dass no de Chamberwahlen 2018 an ënnert dem Drock vun der kathoulescher Kierch, eng CSV-ADR-Koalitioun fir béid Parteien duerchaus virstellbar wier?





...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners