Lëtzebuerg: Eng “Ökonomië d’Agglomération” agebett am global Village wei an der Groussregioun.
Lëtzebuerg ass eng kleng oppen héich spezialiséiert Ekonomie doriwwer eraus ass eis Ekonomie awer och ëmmer méi als eng Ökonomië d’ Agglomeratioun, deemno als eng urban Ekonomie ze gesinn, wo d’ Entreprisen sech nidder loossen fir vun sougenannten “Économie d’échelles” and vun der héijer villfälteger Vernetzung ze profitéieren.
D ‘Virdeeler vun den Entreprisen an enger esou genanntenter Ekonomie d’ Agglomération sinn am Fall vun Lëtzebuerg ënner anerem :
1.) Accès zu op mannst zwee groussen Mäert; den vun der Groussregioun esou grouss ei Schweden mat 13 Milliounen Awunner, an den vun der europäescher Unioun;
2.) En groussen Aarbechtsmaart wo en héich forméiert Mataarbechter mat engem groussen Wëssens-Pool sinn;
3.) Niddereg Transport Käschten fir Persounen an Gidder: an
4) En heegen Spezialiséierung-grad.
Nodeeler vun enger ëmmer méi “ urbaner Ekonomie”, sinn déi, déi mir all am Alldag erliewen:
Héich Land Präisser;
E Manktem un Reserve-Flächen;
Vill Stau an deelweis iwwerfëllten ëffentlech Infrastrukturen; an
E immensen Besoin fir Competivitéit héije ze halen an en grousen Drock op eis Ëmwelt.
Spezifesch fir eng “Ökonomië d’Agglomération” wei Lëtzebuerg kennt nach derbäi, dass d’Influenz vun eiser Ekonomie bis weit an eis Nopeschlänner eran recht mat allen Vir- an Nodeeler. Mir leien zesummen mat Groussregioun an engem Bett.
Dobäi kennt dass mir och vun den Regelwierker, vum “global Village” deemno vun der EU an vun internationalen Traitéen hei am Land profitéieren an des respektéieren mussen.
Eis géigesäiteg Ofhängegkeet mat der Groussregioun an mat der EU ass enorm. Eis Ökonomië huet sech an den leschten Jorzéngten massiivst am internationalen Geflecht integréiert an entwéckelt.
Parallel dozou hunn all Bierger an der EU eng Dubbel-Nationalitéit kritt déi europäesch an déi nationalstaatlech.
Ech well elo net Nolauschterer, mat enger Nostalgie fir en Lëtzebuerg wat sech selwer eleng hëllefen kéint, widder den Kapp stoussen mäi ech erlaben mer awer Fro ze stellen op mir op eisem klengen Territoire iwwer-regional Erausfuerderungen wei Logement, Infrastrukturen, Traffic, Educatioun, Ëmweltschutz eleng léisen kennen? Oder mussen mer eis net bewosst ginn dass mer eng “Ökonomië d’Agglomeration” sinn an och deemno handelen an am spezifeschen Fall vun Lëtzebuerg heescht dat iwwert Grenzen eraus agéieren fir dass mer all zesummen weider vun enger positiver ökonomesche Entwécklung profitéieren kennen?
Dat heescht, dass mer konkret no neien Modeller, enger Uerdnung, vun der Zesummenaarbecht vum Ginn an Huelen mat eisen Nopeschregiounen mussen sichen. Esou Zesummenaarbechten zwëschen enger “Ökonomië d’ Agglomeration an hirer Päripherie gëtt et der vill an ökonomesch Modeller bestinn. Et gëtt awer nach keng mat enger grenziwwerschreidender Komponent tëschent verschiddenen Juridictionen”.
Dëst ass déi grouss Erausfuerderungen déi an der nächster Zukunft muss ugaangen ginn fir Berlin, Bréissel, Paräis an d ‘EU vun neien Modeller vun enger Zesummenaarbecht an der Groussregioun ze iwwerzeege