RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Magali Paulus, 03/10/2016


Listen Later

Gereest sinn ech ëmmer gär zanter dass ech kleng sinn. Mam Fliger, mam Zuch, mam Auto, mam Vëlo, egal wei an egal wouhin, Haaptsaach fort an nei Géigenden, Kulturen a Mënschen entdecken. Ech ka mech nach erënneren wei et Grenzen an Europa goufen, wa mer mam Auto op der Grenz stoen bliwwen sinn fir den Douanieren Pabeieren zeweisen. Dat ass laang hier an vill Leit zu Lëtzebuerg kennen sech vlaischt guer net méi drun erënneren.
Virun 2 Wochen war ech zu Madrid. Ech sinn um Findel an den Fliger geklommen an hunn do virun der Securitéitskontrol kuerz meng Carte d'Identité gewisen an duerno net méi weder zu Frankfurt nach zu Madrid. Vill Mënschen op der Welt kennen sech dat net virstellen wat dat eng Chance ass déi mir Europäer hunn, well et Visionären gouf déi 1985 op engem Schëff op der Musel bei Schengen Accorden ënnerschriwwen hunn. Des Accorden sinn elo vu populisteschen, konservativen, demokratesch gewielten an esouguer sozialisteschen Politiker a Fro gestalt an deelweis opgehuewen ginn a keen reecht sech op, keen geet an d'Strooss, well mir Europäer eis « schützen » mussen, well mer Joerhonnerten laang all déi aner Populatiounen op der Welt ausgenotzt an ausgeblutt hunn an elo iwwerrascht sinn, dass vill vun hinnen aus purem Desespoir op eis Grenzen kommen an Schutz sichen…
Mee mir stellen eis keng Froen méi iwwert Gerechtegkeet. Sozial a Steiergerechtegkeet sinn inexistent an den meeschten Rieden. Mir ginn zougeschott vun Neiegkeeten, vun Entertainment, fir dass mer nëmmen net méi nodenken. Den ganzen Summer war den Haaptbegreff den Burkini, mee dass 3100 Leit an 8 Méint am Mëttelmier gestuerwen sinn dat geet jo keen eppes un, mee eis Fräiheeten sinn duerch en Kleedungsstéck bedreeën.
Mee et ass net alles negativ. Wei ech elo zu Madrid war hunn ech mech mat Leit aus Spuenien, Portugal, Bulgarien, Slowenien, Zypern, Malta, Ungarn, Eistreich, Däitschland a Benelux zesummegesat fir un engem europäeschen Projet zeschaffen fir d'éducation à la citoyenneté an all deenen Länner zestärken. Well et ass andeems Bierger sech responsabiliséieren, sech hirer Plaz an hiren verschidden Gesellschaften bewosst ginn an sech sozial engagéieren, dass mer kennen op eng méi gerëscht an eng méi friddlech Welt hoffen. Et ginn ëmmer méi Leit déi sech beméien Brécken statt Maueren zebauen.
Et ass nëmmen an deems mer eis Grenzen opmaachen an den Mënschen erlaben an Dignitéit a Sécherheet e gutt Liewen ze sichen, well se an hirer Heemecht keng Perspektiven an mënschewierdeg Méiglechkeeten hunn, dass mer deem Europa, dat mer viru 70 Joer gegrënnt hunn, gerëscht ginn.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners