RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Magalie Paulus, 08/11/2017


Listen Later

Et wier logesch dass ech elo géing iwwert Paradise Papers schwätzen, well Steiergerechtegkeet en Thema ass dat mer ganz um Häerz leit, mee gëschter sinn ech nach eppes gewuer gi wat mech genau esou schockéiert huet wei déi nei Revelatiounen iwwert déi immens Maschinerië vu Firmen a Leit mat substantiellem Kapitalakommes fir esou mann ewéi méiglech Steier ze bezuelen. Wat stécht eigentlech dohannert ? Firwat den Drang zu ëmmer mei Profit, ëmmer mei Kapital, ëmmer manner Steieren ? Wei wann Steiere bezuelen eppes schlechtes wier. Wei wann d'Steieren net eise Gesondheetssystem, Educatiounssystem, Infrastrukturen an esou vill méi géinge finanzéieren.

Nee dat wat mech mei mathëlt dass dat wat grad am Guatemala geschitt. Ech schaffen do mat enger ganz militanter Bauerenorganisatioun, dem Comité de Unidad Campesina, dem CUC, den d'Rechter vun de Klengbaueren, den Aarbechter, de Fraen an den indigene Populatioune vertrëtt a probéiert ze schützen. An dem Projet den mir mat hinnen hunn schaffe mer a 4 Communautéite fir hier souveraineté alimentaire ze stäerken duerch d'Agroecologie an hier Biergerbedeelegung duerch d'Stäerkung vun hire Rechter.

Eng vun de Communautéiten, wou ech virun annerhallwem Joer war, 25 Famillen, ass den 1. November, och en Feierdag am Guatemala, vun der Police an der Securitéit vun enger Groussgrondbesetzerfamill aus hirem Duerf verdriwwe ginn, well sinn zanter Joren am Klinsch mat der Famill si fir endlech Recht op déi Lännereien ze kréien op deenen sinn zanter bal 50 Joer liewen an déi si fir hire Besoin kultivéieren. Mir schwätzen hei vun enger ganz reculéierter Géigend an de Bierger. Et muss en och mentionnéieren dass et Maya Q'eqchi sinn an dass d'indigene Populatiounen zanter der Kolonialisatioun iwwert de Biergerkrich am Guatemala ëmmer vun den dirigeierenden Eliten diskriminéiert gi sinn. Déi Famille waren ursprénglech schlecht bezuelte Landaarbechter vun der Groussgrondbesetzerfamill. Si waren am Gespréich mat den Autoritéite fir hier ancestralt Recht op déi Lännereien unerkannt ze kréien. Lo sinn an engem Dag hier Haiser zerstéiert ginn, hier Felder, hier Liewensgrondlag… An dat matzen an der Reenzait…

Lo stellt sech natierlech d'Fro firwat ? Wat huet d'Groussgrondbesetzerfamill mat den Terraine wëlles ? Et ass matzen an de Bierger, dh net gëeegent fir Monokulture wei Palmenueleg oder Zocker, duerch déi vill aner Klengbaueren hier Felder am Guatemala an  iwwerall op der Welt verléieren. Vläicht ass och soss eng Ressource fonnt ginn déi en um Weltmaart verkafe kann.

En vun de Leadere vun der Communautéiten den 62 järegen Rosendo Chen setzt zanter Enn August am Prisong, wei vill indigene Leaderen a Mënscherechtler am Guatemala. Mee egal wei ongerecht Situatioune sinn, dat wat wichteg ass dass d'Populatiounen an hirer Rechter gestäerkt ginn, dass se d'Moyen hunn fir sech ze verteidegen, fir Gerechtegkeet ze fuerderen. An da geet et weider, wei en esou schéi seet : la lucha sigue...

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners