Ech war elo 2 Wochen am Guatemala wou mer en Treffen mat all eise latäinamerikanesche Partner organiséiert haten. Eppes wat ëmmer erëm opkomm ass ass déi grouss Influenz, Impakt vun de Multinationalen oder soss Firmen déi den Extraktivimus als Haaptgeschäftsmodell pronéieren. Ob et Goldminne sinn, Zockerfelder, Palmuelegplantagen, Hydroelektreschwierker, Pipelinen, dat wat déi Projeten ausmëscht ass dass se Klengbauren an indigene Vëlker hiert Land ewech huelen a esou mat hier Existenz an hier Kultur zerstéieren. Eise Pensiounsfong investéiert an esou Firmen, eis Banke ginn hinne Kreditter an eis Regierung erlaabt ville vun hinne weineg bis keng Steieren an de Länner wou se Gewenner maachen, ze bezuelen. Wou ass do d'Cohérence des politiques ? Mir sinn ëmmer ganz stolz op eis Entwécklungszesummenaarbecht, ëmmerhi gi mir 1% vun eisem PIB fir d'Coopératioun, do si mir déi Bescht. Mee wei ass et mam Sproch : mat enger Hand gi mer a mat der anerer huele mer zeréck ?
Ech perséinlech ka mech net bekloen iwwert eis Entwécklungszesummenaarbecht, ëmmerhi schaffen ech elo iwwer 10 Joer an dem Secteur an hunn d'Geleeënheet de Beruff ze maachen den ech mer ëmmer erdreemt hunn, mee et kann awer net duergoen sech einfach ze soen dass mir mat 1% vun eisem PIB eppes Guddes maachen ouni eis Froen zestelle wei eise PIB iwwerhaapt esou héich ass a wat mir an Europa ëmmer maache fir dass esou vill Länner weiderhin eis « Hëllef » brauchen.
D'Wirtschaftspolitik vun Europa duerch d'Accords de partenariats économiques mat Afrika ënnertenaner, bevirdeelegt Europa a net déi « aarm » afrikanesch Länner. Europa huet och den alleréischte Partenariat mat enger Regioun geschloss : Zentralamerika . En Responsabele vun der EU huet dat ganz stolz an enger Presentatioun am Guatemala gesot a beigefügt dass bis elo nëmmen den ekonomesche Volet ëmgesat gouf a net de politeschen, sozialen, kulturellen... Dat reflektéiert ganz gutt d'Prioritéite vun der EU.
Dat wat zum Beispill afrikanesch Länner duerch Steierhannerzéiung oder Steiervermeidung verléieren ass bal dat Duebelt vun dem wat se un Entwécklungsgelder kréien. Dat ass weder effizient nach kohärent a stellt e radikale Wiessel vum kapitalistesche Modell hei an dohannen als eenzeg Léisung.