RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Magalie Paulus, 10/07/2017


Listen Later


Eng Gesellschaft ass laut dem Larousse en Ensembel vu Mënschen déi an engem organiséierte Grupp liewen. Zivilgesellschaft gëtt zënter dem Hegel als Oppositioun zum Staat gesinn, als eng Sphère déi déi privat Interête vun Individue representéiert. Haut versti mer mat Zivilgesellschaft den Ensembel vun den Individuen déi ausserhalb vun der politescher Klass sinn, dh d'Zivilgesellschaft hätt hier eege Representanten, déi sech vun de Professionelle vun der Politik entscheeden. Mee wéi gëtt en zu engem Vertrieder vun der Zivilgesellschaft ? De Professionelle Politiker gëtt gewielt bei lokalen, nationalen oder europäesche Walen. Laut Wikipédia ass d'Zivilgesellschaft den Domaine vun dem ziville Sozialliewen, de volontaire, greisstens autosuffisent an autonom vum Staat ass. Eng Elektioun ass dann en vun den Haaptevenementer wou d'Zivilgesellschaft sech mobiliséiert, ënnertanerem duerch d'Educatioun vun der Wielerschaft.
Veräiner, Asblen, Clibb ginn de Bierger d'Méiglechkeet sech fir eng bestëmmten « Cause » z'engagéieren an dat net eleng, mee mat anere Léit, dh si hëllefen eis soziale Lien ze créeieren. Laut enger Etude vum CEPS vun 2010, sinn et 2009 em déi 8.500 Asblen zu Lëtzebuerg ginn. D'Hallschent vun deenen Associatioune befannen sech am Beräich vun der Kultur, dem Sport an der Fräizäit. Dëst refletéiert d'Changementer um soziale Plang : mei Fräizäit, mei laang Studien, mei Liewensdauer, Accès un nei Technologien, mee och eng nei Allocatioun vu finanzielle Ressourcen an d'Fräizäit. Dass mer mei Fräizäit hunn, déi mer an d'Zivilgesellschaft investéieren ass jo am Fong eng super Saach. Eng staark Zivilgesellschaft garantéiert ëmmerhin Inclusioun, Demokratie, dh mei Gerechtegkeet.
D'Fro déi ech mer awer stellen ass, hu mer wierklech genuch Zäit ? Wei oft kennt et eis vir dass mer d'Gefill hunn wei en Hamster a sengem Rad ronderëm ze dréie fir alles ënnert en Hutt ze kréien. Dofir wéilt ech dass mer eis alleguer elo 15 Sekonnen Zäit huele fir e bëssen zur Rou ze kommen. Einfach nëmme Rou.
(Paus 15 Sekonnen oder wat um Radio meiglech ass)

Rou wéinst dem ville Kaméidi an der Welt. Mir musse mei zur Rou kommen, mei bewosst ootmen an eis Zäit huele fir Verschiddenes ze verstoen, ze genéissen. Des Rou wäert eis et och erméiglechen eis ëmmer mei a weider a Collectifen, Plattformen, Veräiner, Clibb, Associatiounen, Fondatiounen an ONGen z'engagéieren an da si mer zesummen um gudde Wee.



...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners