RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Magalie Paulus, 11/01/2017


Listen Later



Kann 2017 nëmme besser ginn ? Dat ass d'Fro déi ech mir momentan stellen. Et huet e jo ëmmer vill Hoffnung am Ufank vum Joer. Den David Bowie, de Prince, de Leonard Cohen, de Fidel Castro an déi Dausende Syrier, Eriträer,  Somalier… déi eis 2016 verlooss hunn, kennen op alle Fall net nach eng Kéier stierwen. D'Hoffnung léist mech awer zimlech am Stach wann ech un d'Electioun vum Trump, d'international Rehabilitatioun vun engem Massemäerder - vive de Bachard - d'Condamnatioun vum Antoine Deltour a Raphaël Halet trotz der Unerkennung vum Interêt général… denken.
Mee am Fong ass et besser, méi no ze kucken, do ass vlaischt bësse méi Hoffnung… Enn 2016 ass zum Beispill OUNI opgaangen, déi 1. Epicerie ouni Emballagen, TERRA, déi bis elo eenzeg AMAP (association pour le maintien d'une agriculture paysanne) zu Lëtzebuerg huet eng ëmmer méi grouss Waardelëscht, d'Transitiounsbewegung zitt ëmmer méi Leit un, et entstinn Energiekooperativen… Et huet en besser ronderëm sech ze kucken an do unzefänke Saachen z'änneren, laut dem Adage vum Gandhi : be the change you want to see in the world. Ufänke mat sengen eegene Gewunnechten : wat iessen ech, wei a wou gëtt dat produzéiert wat ech iessen, wei ass et mam Waasser dat ech drénken, mat welche Valeuren erzéien ech meng Kanner, wei oft fueren ech mam Bus, mam Vëlo oder ginn zu Fous...
Eng méi responsabel Consommatioun vu jidderengem kéint e groussen Impakt hunn : loosst eis lokal, bio a fair consomméieren. Sou kenne mer ufänken déi negativ Konsequenze vun eiser Consommatioun op Populatiounen an Afrika, Asien a Latäinamerika an op d'Ëmwelt a Grenzen ze halen. Mir kennen et de Produzenten hei zu Lëtzebuerg a ronderëm erlaben e méi stabele Marché ze hunn a méi Valeur an d'Produktioun vun eisen Iesswueren an doduerch eng nei Valorisatioun vun dem wichtege Beruff vum Bauer a Geméisgäertner ze kréien.
Doduerch dass mer méi responsabel consomméiere, kënne mer zum Equiliber vun eiser Welt an och vun eisem Liewe bäidroen. Ëmmerhi si mer wat mer iessen...

 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners