Den Donald Trump gëtt den nächsten President vun de Vereenegten Staaten. Et huet een sech missen doru gewinnen. Woubäi gewinnen iergendwéi dat falscht Wuert ass. Sech un dem Geschäftsmann vun New York seng dach éischter onorthodox Aart a Weis Politik ze maachen an sech ze inzeenéieren ze gewinnen, ass dach e bëssen méi eng komplizéiert Saach.
Nu ass et esou, dat d’Politik en général vläicht dach eng Partie Léieren aus dem Phänomen Trump zéien sollt. Dëst ass iwwregens schonn geschitt. Am Nopeschland Frankräich. Do huet sech bei de Primairesen deen Mann duerchgesat, deen am Fong mat kloren, wann och onbequemen Aussoen Campagne gemaach huet. De François Fillon huet net gezéckt, d'Saachen esou ze soen, wéi se sinn, an och keng Versprieche gemaach, déi net ze halen sinn. Des realistesch an och éierlech Approche ass menger Meenung no d’Haaptursaach fir seng dach iwwerraschend Dominanz bei de Virwahlen, un deenen méi ewéi véier Milliounen Fransousen deelgeholl hunn.
Et gëtt am Fong nëmmen een méiglecht Rezept fir ee politescht Ofrëtschen a d’Extremer ze verhënneren, an dat ass eng Réckbesënnung op dat, wat an der Politik eigentlech misst gemaach ginn: Problemer richteg erkennen. Léisungen proposéieren. An entspriechend handelen. Wann d’Leit den Androck kréien, dat déi politesch Klass iwwer hir Käpp a laanscht si regéiert, geschitt genee dat, wat elo an den USA passéiert ass.
D’Ironie dobäi ass, dat domat puer vun deenen Leit, déi fir grave Problemer an gesellschaftlech Dysfonctionnementer verantwortlech waren, mat no uewen gespullt ginn. Kuckt een dem Trump seng Lescht vun enksten Mataarbechter an Memberen vun senger Administratioun kann een den Afloss vu bestëmmter Säit kloer erkennen. Ech nennen hei nëmmen Goldman Sachs. Den Afloss vun den Investment-Banker am Wäissen Haus gëtt beim Trump esou staark ewéi ni. Dat seet vill aus iwwer déi politesch Linn vun deem, deen den klengen Amerikaner versprach huet, hiert Liewen ze verbesseren. - Ween huet dann an de leschten Joerzéngten dofir gesuergt, dat vill vun dëse Leit vill vun deem verluer hunn, fir dat se e Liewen laang gespuert haten? – Dem Trump seng Frënn.
Nun sollt een och dem President Trump eng Chance ginn. Ëmmerhin huet en schonn bei e puer vun sengen graffen Verspriechen ee Réckzéier gemaach. Hoffentlech geet dat esou wieder. Den Phänomen Trump sollt d’Politik allerdéngs net op di liicht Schëller huelen. Et besteet Ustiechungsgefor.
An hoffentlech ginn an anere Länner weider déi richteg Konsequenzen an der Politik gezunn, fir déi eegen Glafwierdegkeet ze stäerken. Ee gudde Schrëtt wor hei den ugekënnegte Réckzuch vum franséischen President Hollande. Nee soen, ass net einfach. An dach muss dëst heiansdo sinn. Och an der Politik.