Esou lues a lues kristalliséieren sech déi Sujeten eraus, déi am Walkampf an den nächsten Méint eng zentral Roll spille wäerten. Et gëtt bei alle Parteien intensiv un de Programmer geschafft an un deene Virschléi a Verspriechen mat deenen een bei de Wieler punkte well.
Nu ass et kee Geheimnis dat de Logement ee ganz besonneschen Problem ass, mat deem sech d’Politik beschäftegen muss. Dëst geet net anescht an engem Land, dat an de leschten Joerzéngten an engem eenzegaartege Mooss a mat enormer Vitesse gewuess ass. Jo, Lëtzebuerg war an ass attraktiv an iergendwéi si mer en Affer vun der eegener Unzéiungskraaft ginn.
Wann een als Land attraktiv ass sollt een eigentlech kennen houfreg sinn. Anerer wiere sécher frou iwwer esou en Image. - Dat bedeit natierlech och, dat een definitiv als Land net alles falsch gemaach huet.
Zréck zum Problem Logement, wat ënner dem Stréch ee Problem vu genuch a séier genuch bauen ass. D’Offer muss eropgoen. Nëmme mat däitlech méi Wunnraum ginn och d’Präisser erof.
Wann een sech e bëssen mat der Saach beschäftegt gesäit een dat di Saach mam séier bauen praktesch problematesch ass. Et gëtt ëmmer méi schwiereg fir Leit, déi wëllen gréisser Projeten ëmsetzen. Wa vum éischte Plang bis den éischten Spuedestéch dräi véier oder méi Joren verginn, ass dat eigentlech net akzeptabel.
Wann e wiisst, wuesse well an och wuesse wäert, muss een als Land méiglechst séier Wunnengen an aner néideg Infrastrukturen bauen kenne. Virun allem geet et dann net, dat en Cours de de Route vu Projeten ëmmer nees nei Oplagen gëllen oder Etüden gemaach musse ginn. Effikass an einfach Prozeduren géife gutt zu enge klenge Land passen.
An domat wiere mer bei enge Thema dat, gleeft een ville Betraffenen, en decke Problem ass. Et geet em déi ominéis Präsenz vu Fliedermais, déi an de leschte Méint a Joren Projete verhënnert oder opgehalen hunn.
Ech hunn näischt géingt Flantermais oder aner Déieren. Ganz am Géigendeel. Mais mir mussen awer realistesch bleiwen an déi Saach mam Déiereschutz net ze wäit dreiwen. D’Recht op eng dezent Wunneng ass och ee Recht dat ziele muss.
Jo, Biodiversitéit ass wichteg. Mais Logement och. Stemmt dat, wat een aus de Gemengen an dem Bausecteur esou héiert, leeft hei esou munches total donieft an et gesäit esou aus, ewéi wann hei eng bestëmmte Säit méi Rechter hätt ewéi déi aner. Mat gesondem Mënscheverstand huet dat allemol net vill ze dinn.