RTL - Carte Blanche

Carte Blanche : Marc Glesener, 09/06/2017


Listen Later

Sondagen gehéieren mëttlerweil och a Lëtzebuerg zum politeschen Geschäft. Och wann d’Politiker je no Resultat esou Ëmfroen relativéieren an d’Aussokraft a Fro stellen, spigelen Ëmfroen dat erëm, wat d’Vollek denkt. Dëst onofhängeg dovun, dat een sech em e puer Prozentpunkten iere kann. En Trend ass nun emol en Trend.
Et ass vill an intensiv iwwer déi lescht Politmonitor-Resultater diskutéiert, gesot a geschriwwen ginn. An hei as et virun allem eng Zuel, déi mir et ugedoen huet an déi ze denken gëtt. Et sinn dëst déi 25 Prozent vun de befroten Leit, déi gesot hunn, guer kengen Partei ze Vertrauen.
25 Prozent, also e Véierel vun de Wieler am Land: Dat as am Fong enorm. - 25 Prozent hu kee Vertrauen a mussen dach hier Wahlflicht nokommen. Stellt sech d’Fro, wiem si dann an der Wahlkabinn bereet sinn, hir d’Vertrauen ze schenken.
Eng gutt Fro.
Vläicht ass et genau ronderëm des Fro wou en Politiker wéi den Emmanuel Macron a Frankräich seng Strategie vum Renouveau opgebaut huet. Hien huet a senger Kommunikatioun konsequent op eng Rupture mat dem alen klasseschen System gesat. Seng Strategie ass opgaangen.
gn an d’Sondage soen him a senger neier Partei elo och en Erfolleg bei de Parlamentswalen viraus. Op dat esou ass, weist sech dësen Sonndeg an de Sonndeg drop.
Dat eng Rei Leit bei eisen franséischen Noperen net richteg verstane hunn, firwat et zum Phänomen Macron komm ass, beweist eng Wuertmeldung vum neien President vun der Regioun Paca, dem Renaud Muselier. Hien huet gëschter an engem Zeitungsinterview virum Amateurismus gewarnt, deen d’Kandidaten vum Macron senger Partei géif auszeechnen. Hien, deem seng Carrière bei der Droite eng Geschicht vu Cumulen an Postenjuegd ass, warnt virun Amateur-Deputéierten. Na,ja: Eng kritesch Selbstanalyse wir hei vläicht éischter ubruecht gewiescht.  Mais et bleift beim alen Denken an den alen Reflexer.
Zréck zu mengen 25 Prozent hei zu Lëtzebuerg. Dëse Véierel vun de Leit misst am Fong d’Haaptzilgrupp vun der politescher Aktioun sinn an et wier virun allem interessant ze wëssen, firwat des Wieler kee Vertrauen an eng Partei hunn oder dëst Gefill vun Vertrauen verluer hunn. Dat wier dach emol en Sondage wäert, oder?


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners