RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Marc Glesener, 10/02/2017


Listen Later

Et vergeet kaum en Dag ouni spektakulär Trump-Noriichten, déi fir gehéiereg Opreegung an Protester suergen. An den USA , virun allem awer am Rescht vun der Welt.
 
Den 45. US-President  brécht am Fong mat all deem, wat d’Leit esou gewinnt waren an der Politik. Den Trump ass anescht, et kann ee soen erschreckend anescht. Wou dat alles virun allem aussepolitesch hiféiere wäert, ass net ganz kloer. Dee grousse Plang vum Trump ass hei net ze erkennen. AmRraum steet ee Leitmotiv, dat fir vill Duercherneen suerge kann:  „America first“ .
 
Nun ass de Phänomen Trump an een staarkt Fokusséieren op dat eegent Land am Fong keen isoléierten Phänomen. Och an Europa sinn ëmmer méi Politiker a Parteien, déi an hirem Positionnement national-populistesch Téin uschloen an de Protektionismus als bescht Rezept beschreiwen.  Dëst souzesoe als Géigenprogramm zu enger globaliséierter Welt, an där méi Grenzen falen ewéi der opgebaut ginn.
 
Wat sinn d’Grënn fir des Entwécklung a wou leien déi déif Ursaachen heivun? Do fale mer spontan zwou Äntwerten an.
 
Eng éischt dovun betrëfft déi politesch Klass, déi sech vläicht ze vill ewech beweegt huet vun den eigentlechen Suergen a Problemer vu ville Leit. Des kruten dacks den Androck si géifen net eescht geholl. Dëst Gefill verstäerken net zulescht déi sëllechen Affairen, wéi zum Beispill a Frankräich. Ech denken hei ganz aktuell un de Kandidat François Fillon, deen vum politeschen Moralapostel elo selwer zum presuméierten Acteur an enger Affaire ginn ass. An dësem Kontext ass ee Saz vum Fillon a senger Ried ugangs der Woch symptomatesch fir d’Haltung vun ofgehuewenen Politiker. Am Kontext vun der Affaire Sarkozy sot hien en Dënschdeg virun sengen Leit Folgendes: „Ce matin, j’ai une pensée émue pour Nicolas Sarkozy et tous ceux qui vont être mis en cause par la justice dans les jours prochains.“ Mir déi gutt, d’Justiz déi béis. Esou einfach ass et. Des arrogant, jo scho bal suffisant Haltung schaaft weder Vertrauen nach Glafwierdegkeet bei de Leit. De Gruef tëscht der politescher Klass an deenen aneren gëtt esou ëmmer méi déif.
 
Mat dem Erfolleg vu den Populisten hunn och deels déi ze dinn, di iwwer déi ëffentlech Saach beriichten. Beispill Trump. D’Medien hunn dem Mann enorm Plattformen  gebueden. Dat ass et awer net alleng.  Et ass esou, dat systematesch Autoritéiten an Institutiounen awer  och d’Politik en général bewosst an e schlecht Liicht geréckelt ginn. Alles korrupt. Alles Profiteuren. Alles Leit an Acteuren, déi keng Problemer upaken. Wann een dëst Bild ze laang zeechent, traut keen méi deenen esou genannten Etabléierten. Dann hunn d’Populisten an d’Extremisten et einfach. Si nëtzen dann déi Vertrauenskris aus, déi selwergemaacht ass an op engem Splécken vun der Gesellschaft berout: d’Elitten op der enger, déi einfach Leit op der anerer Säit. Dat ass ongesond. Dat misst deenen ze denken ginn, déi Politik maachen an awer och deenen déi doriwwer beriichten.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners