RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Marc Glesener, 10/03/2017


Listen Later

Wochelaang ass et hin an hier gaangen am Nopeschland Frankräich, wou d’Affaire Fillon de Walkampf am Virfeld vun den Presidentiellen kloer dominéiert. Et huet esou ausgesinn ewéi wann den Kandidat vun der Droite an dem Centre kuerz virum Aus géif stoen. An dunn de Revirement. Seng Partei an seng politesch Famill stinn elo nees hanner  him, ewéi wann näischt geschitt wier.
 
Näischt geschitt. Deen Androck dierften d’Fransousen wuel kaum hunn. Ronderëm d’Beschäftegung vum François Fillon senger Fra ass enquêtéiert ginn an et kennt elo zu enger mise en examen. Dat ass net näischt. Dofir dierften et Grënn ginn.
Dat schlëmmst un der Saach, an där d’Onscholdsvermuddung natierlech gëlle muss, sinn awer d’ëffentlech Reaktiounen  vum Fillon. Deen huet vun „assassinat politique“ geschwat, d’Aarbecht vun der Justiz direkt a Fro gestallt an am Prinzip de Wielerwëllen iwwer d’Urteelsverméigen vun der Justiz gestalt. Am Fong geet dat net an ass eng Rhetorik, déi ferme un dat erënnert, wat déi Despoten vun sech ginn, déi momentan esou schaarf an der Kritik stinn. Ech denken u Leit ewéi Putin oder Erdogan. Bref, an senger Wuertwahl war de Fillon definitiv donieft.
 
Dobäi kennt eng Aart a Weis vun ëffentlechen Aussoen, déi beim Donald Trump Schoul maachen. Stéchwuert „Fake News“ an „Alternative Facts“.
 
Do behaapt de François Fillon dach net einfach esou am Journal vun France 2 et wieren 200000 Leit op säin Meeting komm. D’Police schwätzt vun 40000 an op d’Platz vum Event passen der grad emol 50000. An dann déi Saach mat den supposéierten Berichter vun Tëleessender iwwer den erfonnten Selbstmord vu senger Fra. Virun lafenden Kameraen reecht sech de Fillon iwwer esou een Stil vun Attacken an de Medien op. Fakt ass, dat bis elo kee Sender fonnt ginn ass, deen esou eng Meldung verbreet hat.
 
Am Fong ass et onerhéiert esou ze argumentéieren an Saachen esou aus evidenten Grënn ze verdréien. Alternative Facts schafen, dat ass net nëmmen eng Saach vum Trump a sengen Leit. Bleift ze hoffen, dat des Aart a Weis de politeschen Debat ze verfälschen an ze verdréinen net weider op Europa iwwergräift. Besonnesch a Wahlkampfzäiten besteet de Risiko, dat genee dat geschitt. Hoffentlech ginn dann all déi kleng Trumpen an Trumpinnen enttarnt an hir Ligen opgedeckt. An dat ass a bleift virun allem eng Aufgab vun der Presse, déi wéi keen aneren an der Flicht steet, géint“ „Alternative Facts“ an „Fake News“ virzegoen an de Léit d’Wourecht seet. Déi richteg Wourecht eben.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners