RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Marc Glesener, 12/09/2016


Listen Later

Wat sinn eis Grondwäerter an Europa? Wat sinn d’Spillregelen vum Zesummeliewen? U wat musse mer eis zesummen halen, wann mer a Fridden zesumme liewen wëllen. Des Froen stoungen iwwer déi Summerméint ganz kloer am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit. Quasi an allen europäesche Länner sinn Froen vun Migratioun, Immigratioun, dem Niefteneen vun verschidden Kulturen an domat verbonnen Froen am Kontext vun der Multikulturalitéit thematiséiert ginn.
 
Et wor bei all deem bal net auszehalen, wat am Nopeschland Frankräich ronderem d’Burkini-Problematik gesot a geschriwwen ginn ass. D'Fro vum Verbuet vun dëser Aart Ganzkierpermaillot ass esouguer een, wann net esouguer den Thema Nummer 1 am Virwalkampf vun de Presidentiellen ginn. Et gëtt deemno näischt, wat et net gëtt.
 
Nun ass déi Saach mat eise Wäerter, eisem Modell vum Zesummeliewen eiser Aart a Weis ze liewen och am Kontext vum Handelsofkommes mat den USA, deem ominéisen TTIP, ëmmer erëm gären an d’Woschuel gehäit ginn. Besonnesch an der ëffentlech-politescher Debatt. Den Accord, iwwer deen der och vill schwätzen, déi den Inhalt net kennen, gëtt zu enger Saach héichstiliséiert, bei där ee kennt mengen, et géif em d’Zukunft vun Europa goen.
 
Bei al dem Schreiwen a Schwätzen iwwer eis Wäerter an Europa, sief et am Zesummenhang mat dem Thema Integratioun  oder awer mat dem TTIP, wier ett vläicht net schlecht, der Saach vun deem gemeinsamen Beton, op deem mer esou vill Wäert leeën, nozedenken. Wat sinn eis gemeinsam Wäerter? Wat ass d’Fundament, wat eis verbënnt? Wat ass eise Modell? Hu mer en eenheetlechen europäeschen Modell? An wann et gemeinsam Wäerter ginn,  wou kennt dat alles hier?
 
Eent virop: Relioun soll jo bei dësen Iwwerleeungen keng Roll spillen. Dat ass net modern. Nëmmen keen Bezuch op eng reliéis Dimensioun, och net an hierem historeschen Kontext. Dëst ass onerwenscht. Dat wëllen déi selwerernannten Modern nët. Iwwerhaapt gëtt een den Androck net lass, dat mer en wichtegen  Deel vun deem, wat eise Kulturkrees ass a wat eis Wuerzelen sinn, ganz einfach net méi als Referenz wëllen. Dont acte!
 
Dest ass allerdéngs ee fundamentale Problem. Wann een Deeler vun deem ignoréiert, wat eis  Wuerzelen sinn, ass et schwéier, ee gemeinsamt Fundament ze definéieren op deem een opbaut.

An dach brauche mer esou ee Mindestsockel vun Gemeinsamkeeten an engem historeschem Kontext. D’Amerikaner, op déi mer gären vun uewen erofkucken, hunn dëst. An si zécken net, Referenz dorop ze maachen. Ob Republikaner oder Demokraten, op an den USA gebuer oder net. D’Amerikaner sinn houfreg op dat, wat si verbennt a soen dat och. Jo, mir kennen als Europäer och vun Amerika léieren. An och vun villen aneren op der Welt.   
 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners