Sozial Netzwierker a Politik. Dat ass en Thema, deen ëmmer erëm fir Schlagzeile suergt.
Kee Wonner, well des Netzwierker hunn sech als direkten Drot tëscht Politik a Wieler etabléiert. Mat den evidente Risiken a Niewewierkunge vun heiansdo ze séier an oniwwerluecht Schreiwen a kommentéieren.
Wann et dann emol donieft geet mat engem séiere Post oder Kommentar gëtt duerno probéiert, sech ze entschëllegen an ze relativéieren. Ganz nom Motto, dat war net esou gemengt.
Nu gutt
Eng besonnesch Aart a weis vu Reaktioun hat an dësem Kontext de Spetzemann vun deenen däitsche Gréngen, deen sech no sengen Tweeten, déi total donieft waren mat grousse Medien-Tam-Tam vun Twitter a Facebook verabschit huet.
Mee net nëmmen dat: Dat ganz boost hien op mat enger allgemenger Kritik u soziale Medien. „Oberlehrerhaft“, wéi eis däitsch Nopere géife soen, kritiséiert deen Gréngen-Chef Facebook, Twitter a Co a werft dëse Medie vir, aggressiv ze si a Béisaartegkeet an Aggressivitéit ze fërderen.
Am Resumé: Et léisst een eng kommen, d’Verantwortung sicht een bei deenen aneren an et provozéiert een eng Grondsazdebatt iwwer de Sënn a Zweck vu sozialen Netzwierker.
Politesch e clevere Schachzuch. De grénge Superstar hätt allerdéngs vläicht besser gehat, sech déi prinzipiell Froen ze stellen, ier en an d’Taste gehaen hätt.
Dovun ofgesinn ass eng Diskussioun an en Nodenken iwwer dat politesche Benotzen an Ausnotze vu sozialen Netzwierker duerchaus ubruecht.
Een anere Punkt, iwwer deen och besonnesch d’Medie sollten nodenken, ass déi Saach mat dem anonymme Kommentéieren. Dëst zouloossen, ass de Risiko agoen, dat ënner dem Deckmantel vum Anonymat an der Meenungsfräiheet, Béisaartegkeet a Populismus salonsfäeg ginn.
Wann een eng Meenung huet, soll een des och oppe soen. Dat kann een an enger Demokratie. Da soll een och maachen.
U sech si Sozial Netzwierker oder Kommentar-Foren net d’Iwwel, mee Leit, déi des Plattforme mëssbrauchen.