RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Marc Glesener, 27/04/2018


Listen Later

Ee Waljoer, dat ass eppes ganz Besonnesches. Et gëtt kaum esou vill iwwer Politik geschwat ewéi an de Méint virun deem Dag, op deem en neit Parlament gewielt gëtt an domat déi politesch Landschaft een neit Gesiicht kritt. Bis de 14. Oktober ass et nach e Stéck an et gëtt intensiv u Programmer geschafft, un neien Iddien a Visiounen fir d’Zukunft vum Land.
Des Virschléi ginn dann an Broschüren an Trakten awer och via déi sozial Medien ënnert d’Leit bruet. Net ze vergiessen déi sëllechen Interviewen an Artikelen iwwer déi sou genannten politesch Inhalter. Inhalter, déi jo, wéi et heescht, méi wichteg sinn ewéi Gesiichter.
Esou wäit esou gutt.
Wourop et ënner dem Stréch ukënnt, ass wat aus esou gudden Iddien duerno an der realer Politik geschitt. Dann zum Beispill, wann Projeten, Initiativen oder Gesetzer mussen ëmgesat ginn. Dann mussen och d’Leit, d’Wieler Verantwortung iwwerhuelen an eng Ëmsetzung vu politeschen Entscheedungen erméiglechen.
Da spillt, et dierft kee wonneren, eng ganz aner Gei. Beispiller ginn et genuch. Da gëtt sech opgereegt, manifestéiert an oft esouguer prozesséiert.
Not In My Back Yard. NIMBY. Dat ass ee bekannte Leitmotiv.
Dees sinn ech mer kierzlech no e puer Deeg Vakanz nees bewosst ginn, wéi ech op Lëtzebuerg zréck koum an de Radio gelauschtert an d’Tele gekuckt hunn. Zwee Haaptitelen gouf et do: Éischtens Oppositioun géingt geplangten Wandmillen an dir enger Gemeng. Zweetens Biergerprotest géingt eng Bio-Eeër-Farm an enger anerer Gemeng.
Nu gehéieren d’Fërderung vun Alternativen Energien an eng zolidd Portioun Bio an der Landwirtschaft wuel zu deenen Fuerderungen a Verspriechen, déi all Parteien maache an och de Gros vun de Wieler absolut an der Rei fannen. - Awer just net wann et virun der eegener Hausdier ëmgesat gëtt.
Wann ee selwer betraff ass, selwer muss op eppes verzichtem, selwer och nëmmen e bëssen an och nach  indirekt vun eppes betraff ass, gesäit fir vill Leit d’Welt ganz anescht aus. Da gëllen aner Prioritéiten an aner Prinzipien. Da muss d’Politik noutfalls agräifen an sech wa méiglech direkt em de Problem vum eenzelen këmmeren.
Kee Wonner, dat am politeschen Geschäft dofir oft gezeckt gëtt an vill Leit wëllen op d’Nummer sécher goen. Si ginn genee dohinner gedriwwen. Vun e Wieler selwer, déi no Léisungen a Konzepter am groussen Stil fir d’Land verlaangen, dacks awer wann et em den eegenen Virgäertchen geet, ganz kleng denken.
 


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners