Leschten Ëmfroen no wëllen ëmmer méi Bierger e sougenannten “Konstruktiven Journalismus” hunn en Journalismus den och positiv Noriichten verbreet. D ‘Realitéit ass awer eng ganz aner. Bei “ Focus online” zum Beispill sinn déi mëscht geliesten Artikelen déi mat enger negativer Noriicht iwwer Krich, Mord an ökonomesch Problemer. Sport an Live-Styl kommen weit ofgeschloen am Mëttelfeld fir.
Firwat ass dat esou? Brauchen mir Konsumenten negativ Noriichten ze fir dass et eis besser geet? Et geet vill Grënn heifir: Déi wichtegst sinn dass mer grondsätzlech net un positiven Noriichten intresséiert sinn. Zweetens, zitt besonnesch ons dat Ongewéinlecht un, deemno wann en Polizist en Hond béisst, an net ëmgekéiert. Jo, an Drëttens ganz genee eisen Kierper brauch negativ Noriichten dat fir duerno kennen Gléck’s Hormone ze produzéieren. Wann mer vun der negativer Noriicht selwer net betraff sinn, sinn negativ Noriichten fir eis eng Warnung. Eise Kierper gëtt eis eng Belounung wann mer déi Warnung ugeholl hunn. Dëst ass en System den mer an eisem Gehir zanter der Stein zéit hunn fir kennen ze iwwerliewen.
Firwat erzielen ech dat elo ? Well ech well dass ech nogelauschtert kréien wann ech elo e puer positiv Noriichten iwwer eis Zivilisatioun eis Entwécklung an den Progrès un eiser Gesellschaft matdeelen.
- Am Joer 1820 hunn 1% vun der Weltbevëlkerung an enger Demokratie gelieft. Haut liewen 56% vun der eis an engem demokrateschen System.
- 1820 konnten 12 % vun den Leit liesen. Haut leit dësen Taux bei 85%.
- D ‘Liewenserwaardung ass weltwäit zanter 190 vun 31 Joer, op Haut 71 Joer geklomm.
- Den IQ vun der Duerchschnëttsbierger ass tëschent 1909 an 2013 em 30 Punkten geklommen.
- D ‘Wëssen an der Medezin huet sech tëschent 1950 an 1980 deemno an 30 Joer verduebelt. Haut verduebelt sech Wëssen an der Medezin all 3,5 Joer.
- Och mir Männer entwéckelen eis weider. Huet den Mann am Duerchschnëtt, am Joer 1900, 4 Stonnen am Stot pro Woch matgehollef sinn et haut 16 Stonnen.
Dëst sinn just en puer Indicateuren déi eng positiv Entwécklung vun eiser Gesellschaft dokumentéieren. Et gëtt sécherlech nach villes ze verbesseren mäi et ass och emol der wäert positiv Noriichten an den Vierdergrond ze setzen iwwert eis laangfristeg Entwécklung. Fir déi vun eis déi hir alldeeglech Ratioun vun negativen Noriichten brauchen, fir déi ass sécherlech elo an puer Minutten, eppes bei den 8 Auer Noriichten derbäi!