Ech war méi ewéi iwwerrascht dass déi däitsch Kanzlerin, déi als kill an berechenbar Physikerin, seelen eppes vum Lescht léist ouni sech den méiglechen Konsequenzen bewosst ze sinn, an engem Béierzelt zu München en méiglechen Paradigmenwiessel fir Europa an deemno fir eis all annoncéiert.
Zanter méi ewéi 12 Joer ass Madame Merkel elo an “Amt und Würden” an huet mat hirem “inkrimentalen” politeschen Styl, dat heescht ouni grousst Gedeessems an grouss philosophesch Debatten, eng Problem orientéiert Realpolitik bedriwwen déi see den leschten Sondagen no vun der däitscher Bevëlkerung unerkannt kritt.
Dräimol huet Kanzelerin Merkel den Pad vun hirer Realpolitik an “No surprise Policy” verlooss. Déi éischten Kéier bei hirem “Volte-face” beim däitschen “Atomaustieg” nom Accident zu Fukushima 2011, eng zweeten Kéier bei der Flüchtlingskris 2015 an zu gudder Läscht eng drëtten Kéier elo nom Nato-Sommet a dem G-7 Sommet an Italien.
An hirer Festzelt Ried huet see gesot dass : “Déi Zäiten wo mir eis integral op anerer verlooss hunn, sinn a Stéck eriwwer. Dat hunn ech déi lescht Deeg erlieft. Dofir kann ech nëmmen soen dass mer eist Schicksal an déi eegen Hänn mussen huelen.”
Dëst Zitat ass virum Hannergrond ze gesinn dass see zwee Mol mam Donald TRUMP um héchsten Niveau Treffen hat.
Op deen Satz elo op der richteger Platz gesot ginn ass an dann och nach am däitschen Walkampf sief emol dohigestallt.
Fakt ass awer dass eng Gewëssheet an méi ewéi an Fro gestallt huet op déi mir eis als Europäer zanter dem 2. Weltkrich an zanter Generatiounen ëmmer verlooss hunn, nämlech, dass dat transatlantesch Bündnis d ‘NATO ëmmer esou weider geet ouni dass Europa sech besser an méi engagéiert wei bis elo an seng Verdeedegung selwer an Hand hellt.
Mam Slogan “America First” huet den Donald TRUMP op mannst emol fir séin Mandat an verschidden Bezéiungen dobäi och déi mat Europa an der Sécherheet s- an Verdeedegungspolitik eng méiglech Scheedung an den Raum gestallt.
Déi däitsch Bundeskanzler huet an dëser Ried sécherlech hirer Enttäuschung Loft gemaach mäi see wollt op jiddefall och dass Europa aus se senger Léthargie an aus senger Bequemlechkeet erwächt.
D ‘Ziel muss et sinn eng gemeinsam europäesch Verdeedegungspolitik an Sécherheetspolitik ze entwéckelen déi Europa an senger Selbststännegkeet kräftegt.
D ‘Millen fir en méi staarkt Europa sinn deemno an Bewegung. Et ass awer och en penibelen Ament fir Europa well eis Schwächten ginn minutiéis opgedeckt.
Den Kontext ass awer besser wei virun en puer Méint. An Holland an Frankräich hunn pro europäesch Parteien d ‘Walen gewonnen.
Dëst Eisen muss elo op den Lescht geholl ginn am Sënn vun eisem gemeinsamen Europa. Falls dat net geléngt kann des Ried soss als eng esou genannten “Hunnenried” och als Boomerang ugesinn ginn déi eis Europäer dann an nächster Zukunft bei all Geleeënheet vun baussen ënnert Nues gehalen gëtt.
Mir sollen awer besonnesch als Lëtzebuerger eis Liaisoun mat Amerika net nëmmen an der Periode Donald TRUMP gesinn méi doriwwer eraus an an hirer laanger Geschicht. Et huet eis bis elo ëmmer mat Amerika méi verbonnen ewéi getrennt!
(Follow me on Twitter and Facebook at: @marchostert)