All moies déi selwecht Erausfuerderung. Wat fir nei Chantieren sinn do? Wéivill Spuren sinn op wei kommen ech sécher an pénktlech op d’ Aarbecht. Am Traffic all Dag, am Logement op mannst emol am Liewen an bei den Infrastrukturen ganz oft mierken mer dass mer op villen Platzen “hannen bei, an vir widder sinn”.
Well vun dësen Problemer ëmmer méi Leit betraff sinn an sech opreegen an Froen stellen ass hei duerch eng Debatt iwwert eisen Wuesstem entstanen: Op mir esouvill Wuesstem brauchen an op dësen Wuesstem néideg ass?
Dëst ass an zweeërlee Hisiicht eng intressant Fro well se ënnerstellt dass eng kleng, oppen Ekonomie angebett an Europa hiren Wuesstem gréisstendeels steieren kann an ,zweetens, dass mer duerch manner Wuesstem eis Problemer léisen kéinten.
Mir sinn keng Insel an hunn an verschidden Domainer eis Souveränitéit mat dënnen aneren europäeschen Länner gedeelt, dat heescht all Bierger aus Europa kann sech an deenen aneren EU-Länner nidderloossen, schaffen an entrepreneurial aktiv ginn. Dat selwecht gëllt fir déi aner Grond-Fräiheeten an Europa.
Den aktuellen Statistiken no berot eisen Wuesstem haaptsächlech net op enger Augmentatioun vun eiser Produktiviteit méi haaptsächlech op enger Befeierung mat zousätzlechen Ressourcen ewéi Land, Personal Kapital.
Mir brauchen awer en néidegen Niveau un Wuesstem fir éischtens, den Strukturwandel oprecht ze erhalen, dat heescht dass eis Betriber technologesch evoluéieren an neier derbäi kommen, zweetens, fir eisen sozialen System oprecht ze erhalen. Drëttens, ass den Wuesstem en Fräiheetsgrad fir eis Politiker fir déi eng oder aner Kamell ze verdeelen ouni engem aneren eppes ewech huelen ze missen.
Beim Logement an bei den Infrastrukturen do huet den héijen Wuesstem deelweis en Impakt op Situatioun awer och nëmmen deelweis, well wann mer och nëmmen d ‘Halschent vum Wuesstem gehat hätten an den leschten Joeren hätten mer do awer grouss Problemer.
Fir den Tram hunn mer knapp 25 Joer gebraucht fir 4,2 Kilometer ëmzesetzen an Nordstrooss ass no 40 Joer fäerdeg ginn. Hei leit genau ewéi am Logement en iwwer-parteiescht an gesellschaftlecht Versoen vir; villäicht well mer keng gemeinsam gedeelten Zukunftsvision vun Lëtzebuerg hunn.
Trotzdem, hunn mir awer verschidden Méiglechkeeten eisen aktuellen Wuesstem ze beaflossen an méi nohaltege ze maachen. Dëst kennen mer iwwer Subventiouns- Steier- an Standuertpolitik fir den Konsum vun Ressourcen ze optiméieren an fir méi en qualitativen an Ressourcen schounenden Wuesstem ze ënnerstëtzen.
Mir subventionéieren en anerem den Landverbrauch an der Industrie. Mir subventionéieren déi individuell Mobilitéit, mir subventionéieren gudd bezuelten Aarbechtsplazen iwwert d’Krankekeesen and Pensiounskeesen an befeiren doduerch zousätzlech den Konsum vun neien Ressourcen ouni onbedengt ze kucken wat déi nei Aktivitéiten dem Land bréngen.
Dofir mussen des dréi Politikfelder op den Lescht geholl ginn wann mer un en méi qualitativen Wuesstem iwwer en puer Joeren erukommen wëllen. Des Approche verlaangt Mutt an eng grouss Responsabilitéit vun eisen Politiker an vun eis all déi hei wunnen oder schaffen.
(Follow me on Twitter and Facebook at: @marchostert)