RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Marc Hostert, 12/09/2018


Listen Later

Jo Walcampagnë kennt lues awer sécher un rullen. Face à Facen an den Medien an an deenen verschiddensten Foren sinn geplangt. Spëtzepolitiker sinn gefuerdert hir Konzepter  kuerz an prägnant  dem Public zougänglech ze maachen.
Mir hunn intressant Punkten op der Lee stoen déi Zukunft vun eis all uginn. Fir mech sinn déi wichtegst Themen wat fir een Wuesstem mir hei am Land wëllen hunn an wei mer hei am Land eng sozial Cohésioun kennen oprechterhalen. Mir hunn bis elo nach ni an enger Walcampagnë eisen Wuesstemsmodell esou thematiséiert wei elo.
Dëst ass gutt esou an huet menger Meenung no zwou Ursaachen.
Éischtens, huet an den leschten 30 Joer, Lëtzebuerg sech drastesch verännert duerch eng acceleréiert Globaliséierung an Mondialisatioun ageleet duerch d’ Enn vum kalen Krich, duerch den techneschen Fortschrëtt, duerch Digitaliseierung ageleet duerch Erfindung vum Internet 1989 um CERN an der Schwäiz, souwéi duerch d ‘Erweiderung vun Europa.
Zweetens, gesinn vill Leit am Land, hier Liewensqualitéit, hier iwwerkuckbar Strukturen, hier Noerhuelungs-Gebidder, hier fonctionnéierend Infrastrukturen op hiren Limitten ukomm; dëst  besonnesch bei der Mobilitéit, beim Logement an der Schol. Dobäi kennt dass mer ni eng kohärent opgestallten Wuesstems-Debatt geschweige dann eng mat engem Minimal-Konsens gefouert hunn. Den Konsens war héchstens  konkludent doduerch erreecht dass mer alleguerten méi en grousst Stéck vum Kuch kruten an doduercher eng gewëssen sozial Cohésioun haten an den leschten 40 Joer .
Lëtzebuerg ass eng kleng oppen héich spezialiséiert Ekonomie an mir hunn generell als Land an als Eenzelnen gekuckt vun deene Verännerung direkt an indirekt profitéieren.
Mir brauchen och an Zukunft Wuesstem.
Mir stellen awer elo fest dass eis gemoossen, gudd an héich Produktiviteit net méi klemmt dat heescht konkret dass d ‘Stéck vum Kuch, fir den  eenzelnen net méi grouss gëtt. Konsequenzen vum bal exklusiven quantitativen Wuesstem sinn fir den eenzelnen awer am Stau an um Immobilien Mart ze spieren.
Dobäi kennt dass mir eis aus heiteger Sicht eis deelweis et net erlaben kennen iwwert eisen Wuesstem frei ze décidéieren well mer en Sozial- an Pensioun-System hunn den en Wuesstem vun ronn 4 % Joer brauch fir laangfristeg stabel ze sinn.
Mir sinn net en Hamster am Rad mäi eng Natioun um Risen-Rad.
Mir brauchen selbstverständlech Wuesstem och an Zukunft mäi do wo et méiglech an legal ass sollten mer esou selektiv wei méiglech virgoen fir Projeten un Land ze zeien oder ze développéieren déi verschiddenen qualitativen Kritären Rechnung droen.
Donieft mussen mer eisen Pensiounssystem strecken an reforméieren fir aus der Obligatioun, der Spiral, vun 4 % Wuesstem d’ Joer erauszekommen. Dëst kann en am beschten maachen an engem wiertschaftlech positiven Ëmfeld dann kennen sech  d’ Adoptiounen lues an laangfristeg am System  op  en puer Jorzéngten auswierken. Hei bei kennt een sech och um Norwegen-System vum 2 Sourcen Finanzement am Souveränitéits Fong inspiréieren
Gouverner c’est prevoir; et ne rien prévoir, c'est courir à sa perte sot den Emile de Girardin.
Ech hoffen an dëser Walcampagnë op eng konstruktiv an éierlech Debatt iwwert eisen zukënftegen Wuesstemsmodell!

 



...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners