echs Vertrieder aus der Zivilgesellschaft kennen hiren Projet presentéieren den se giffen ëmsetzen wann se vum Grand-Duc giffen désignéiert ginn fir eng nei Regierung ze bilden. Déi sechs Persounen sinn:
- den Rolf Tarrach, Président vun der European University Association
- den Tullio Forgiarini, Auteur et Professer
- d’ Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASTI
- den Gaston Vogel, Affekot
- den Ben Stemper, Secrétaire général vum Jugendparlament
- an d’Agnieszka Zajac, Managing Partner bei Odgers Berndtson.
Des initiative erlaabt et dësen sechs Leit, Bierger an Wieler aus eiser Mëtt hier Ideeën, déi an enger nächster Regierung hinnen no missten ëmgesat ginn, engem gréisseren Publikum virzestellen. Dësen Panel ass flott an senger Zesummesetzung, Jonker an Eelerer, Bei-gezunner, laang Usiesejer, Auslänner, Persounen mat engem Immigratiouns- Hannergrond, Pensionären an Aktiver. Alles Leit déi zu eisem gesellschaftlechen Liewen hei zu Lëtzebuerg eppes bäidroen.
Et wäert en interessanten Owend ginn mat sécherlech enger Rëtsch vun interessanten Iddien, an engem änneren Styl wei vun eisen professionellen Politiker gewinnt, an sécherlech wäert den een oder aneren vun den ”Formateuren” och séin rethorescht Talent mat an bréngen.
D’ Iwwerleeungen vun Aussestehenden, also vun Persounen déi net aus dem direkten “politeschen Sérail” kommen, iwwert eis ëffentlech Finanzen, eisen Sozialmodell, eisen Pensiounssystem, eis Ökonomië an aner Themen ze héieren ass sécherlech wichteg an gutt an see wäerten sécherlech déi eng oder aner Retombée an deenen verschidden Wahl- Programmen hunn.
An dach kommen mir virun dësem Hannergrond mir eng Partie Froen op:
Firwat sinn net méi Persounen aus eisem gesellschaftlechen Liewen aus eiser Mëtt mat hiren Iddien op dënnen verschidden Leschten bei den nächsten Walen am Oktober?
Wei ass Duerchlässegkeet vun eisen Parteien op Société-civile ze gesinn virum Hannergrond vun enger Gesellschaft déi am Ëmbroch ass?
Sinn eis Parteien, och mat Fraequoten, nach an engem bestëmmten Moss en Spigelbild vun eiser Gesellschaft?
Firwat zecken vill Leit aus eiser Gesellschaft sech fir eng bestëmmten Zéit an der Politik ze engagéieren?
Hei hunn all Parteien an d‘Zivilgesellschaft eng gemeinsam Verantwortung fir dass eng Duerchlässegkeet tëschent der Gesellschaft an den Parteien systematesch opgebaut gëtt. Et brauch nämlech vun béidem vir an der Politik weider ze kommen, professionell Politiker an vun Persounen aus der Zivilgesellschaft déi hier Experienz abréngen.
Mir brauchen zu Lëtzebuerg keng Komiker an keng Populisten!