« D’Investitiounen vun haut, sinn d’Recetten vu muer »: Mengt eise Premierminister exklusiv d’Steierrecetten oder awer och d’Liewesqualitéit? « Wann et dem Land gut geet, soll et de Léit besser goen »: Sinn domat nëmmen déi aktuell Wieler gemengt oder awer och déi nächst Generatiounen ? Hei, aus der Sicht vun der Schoul an der Jugend, e puer weider Froen a Gedanken zur “Koalitioun vun der Gerechtegkeet, der Innovatioun an der Wäitsiicht”:
Stéchwierder DIGITALISATIOUN an INVESTITIOUN
Ginn d’Lycéen raum- a personalméisseg esou opgestallt, datt Klasseneffectiffen vun 30 Schüler a méi evitéiert ginn? Kritt erem all Klass hiren eegenen, festen Klassesall, den d’Schüler dekoréieren dierfen? An dem si sech tëscht de Schoulstonnen erblosen kennen, statt mat Saak&Paak duerch d’ Gebaier hetzen ze mussen?
Ginn all bestehend Schoulgebaier fir den digitalen Zäitalter ausgerüst? Mat konsequenten Investitiounen an d’Infrastrukturen, wéi modern an eenheetlech equipéiert Klassesäll, mat Multi-Media-Equipement a leschtungsfähegem w-lan Internet? Ginn duerfir zousätzlech, kompetent a motivéiert, Informatiker engagéiert déi dest Material funktiounsfäeg halen? Ginn d’ Enseignant konsequent fir e pädagogeschen Asaz vun dësem digitalen Material forméiert?
E puer tablet-Klassen iwert d’Lycéen verdeelt an e puer medienwirksam ageweiten an top-équipéiert Lycée-Neibauten gin do net duer. Och all aale Schoulsall muss prett sinn fir e modernen Unterrecht an der digitaler Welt.
Stëchwieder INNOVATIOUN a WEITSICHT
Gin d’Lycéesdirektiounen administrativ entlaascht, duerch méi Personal a manner Bürokratie, fir datt si Zäit fannen d’Autonomie vun hirem Lycée an innovativ, differenzéiert an zukunftsfäeg pädagagesch Projet’en ëmzesetzen, statt um Schreifdësch an EXCEL-sheet’en a Formalitéiten ënnerzegoen?
Gin d’Horaires&Programmes mat Weitsicht komplett iwwerschafft, entlaascht an d’Inhalter fächeriwergreifend ofgestëmmt a vernetzt? Ginn d’Schüler drop préparéiert, sech an hir Ëmwelt ëmmer nees, voller Selbstbewosstsin an Zouversiicht, nei ze erfannen an enger Welt wou de stännege Wiessel dat eenzegt Bestännegt as? Gëtt endlech déi reng Wëssensvermëttlung a Wessenreproduktioun reduzéiert fir Zeit a Platz ze schafen fir wichteg Zukunftskompetenzen wéi Kreativitéit, Kooperatioun, Kommunikatioun, Ethik, Wëssensuwendung an kritescht a vernetzt Denken? Des menscheneegen Kompetenzen sinn am Zäitalter vun der Kënschtler Intelligenz schwéier digitaliséierbar an duerfir zäitlose. Doriwwer brauch eist Land e breeden Debat a politeschen Konsens.
Stéchwierder WÄITSIICHT A GERECHTEGKEET
Gëtt eise Pensiounssystem méi onofhängeg gemaacht vum staarken Wirtschafts- an Demographiewuesstem an esou zukunftsfäeg opgestallt? D’Kanner vun haut dierfen an hirem Berufsliewen vu muer net ennert enger iwwerhéije Cotisatiouns- a Steierlascht leiden fir dann selwer herno vun hirer eegener Pensioun nëmmen schlecht liewen ze kennen! De Pensiounssystem zur Zeit upassen heescht: Wäitsiicht a Generatiounengerechtegkeet, statt Generatiounskonflikt!
Léiwe Kleeschen, schenk eise Politiker muer e geschäerft Wäitbléck op d’Besoins vun eiser Schoul a Jugend, statt op hir eegen Politikercarrière, well de Poker em d’Ministèren an de Splitting vum Vize-Premier-Posten hätten eigentlech Rutten verdéngt.