Zenter dem Adam Smith, dem sougenannten Urpapp vun der Economie, sin Arbecht, Kapital a Natur d’Basis vum Produktiounsprozess an der Wirtschaft. Ennert Arbecht get zB all Qualifikatioun a wirtschaftlech Aktivitéit vum Mensch verstanen, zum Kapital gehéieren zB Maschinen genausou wéi d’Finanzkapital an d’Natur emfaasst zB Rohstoffer, Energie an Terrainen.
D’Schafen vun enger “valeur ajoutée” am Laf vum Produktiounsprozess, erlabt et dann iwert de Verkafspreis déi drei Produktiounsfacteuren ze rémunéréieren. An hei stellt sech, net zulescht am Kontext vun der sozialer Verantwortung vun de Betriiber, d’Fro vun der gerechter oder ethescher Verdeelung vum geschaaffenen Mehrwert op eben des drei “facteurs de production”: Arbecht, Kapital a Natur. Entscheedend dofir as d’Kräfteverhältnis vun den Acteuren an der Wirtschaft, mee wat heescht dat konkret an eiser globaliséierter an emmer méi robotiséierter Welt?
Fir d’Rechter vun den Arbechter setzen sech a gréisseren Betriiber an op nationaler Ebene d’Gewerkschaften an. Sie versichen d’Arbechtskonditiounen vun den Beschäftegten ze verbesseren a gerecht Paien auszehandelen. Wat d’Gewerkschaften méi Memberen hun, wat hir Verhandlungspostioun méi stark as. D’Robotisatioun an d’Verlagerung vun der Produktioun a Länner mat de niddregsten Produktiounskeschten (zB durch niddreg Léin a gerenge Gesondheetsschutz), d’gleichzeitegt Fehlen vun global agéierenden Gewerkschaften an ze niddreg Memberzuelen schwächen awer weltweit d’Verhandlungspositioun vun den Gewerkschaften vis-à-vis vun de Betriiber an hiren Propriétairen, also dem Kapital.
E schlecht rémunéréierten Poduktiounsfacteur as d’Natur. Sie gett praktesch “bradéiert”, obwuel déi zur Produktioun noutwendeg Rohstoffer net onbegrenzt verfügbar sin an d’wirtschaftlech Aktivitéit den gefeierlechen Klimawandel beschleunegt. Zum Erhalen, resp. zur Ernéierung vun der Natur misst duerfir vill méi e groussen Undeel vum geschaafenen Reichtum aus dem Produktiounsprozess och der Natur zugud kommen. Weltweit Akzenter setzen kann hei, wéi 2015 zu Pareis op der Weltklimakonferenz “COP21”, nemmen d’Politik. D’Politik awer get stark durch d’Lobbyisten vum drëtten Produktiounsfacteur, dem Kapital, beaflosst.
D’Kapital as dann och den mobilsten, stärksten an duerfir aktuell erfollegreichsten Produktiounsfacteur an enger Wirtschaftswelt, wou d’geografesch Grenzen sech opléisen an d’Propriétairen vum Kapital d’Produktioun oekonomesch-rational a radikal an déi Länner verlageren, wou d’Steieren am niddregsten an Arbecht a Natur am gënschtegsten sin. Déi ausgeléisten Compétitioun tescht de Länner spillt dann och besonneg den groussen Multinationalen an dem Finanzkapital an d’Hänn.
Fir d’cohésion sociale an eisen Gesellschaften, fir d’Solidaritéit tescht de Kontintenten a fir de Respekt vu Mensch a Natur, wier et do awer net wichteg a richteg d’Friichten vum Produktiounsprozess zeitgerecht, ethesch a nohalteg ze verdeelen? Zum Beispill durch d’Verdeierung vun den Rohstoffer à la source, fir datt Entwecklungslänner sech och wirklech entweckelen kéinten, durch méi héich a weltweit identesch Emweltschutzoplagen a Besteierungen vum Kapital oder och nach durch d’Bedeelegung vun alle salariés um Erfolleg vun den Betriiber?