Wësse wouhin e well, dat motivéiert! Mee, grad dëst ass an enger Welt déi sech all Dag verännert, wou d’Konkurrenz omnipräsent a Lëtzebuerg keng isoléiert Insel méi ass, net einfach.
Radikal Verännerunge wéi d’Stolkris an de 70er Joren oder den aktuellen Antrëtt an eng digital Industrie 4.0 (also d’Vernetzung vun der industrieller Produktioun mat der Informatiouns- a Kommunikatiounstechnik) veronsécheren d’Mënschen a blockéieren se. Wéi beim Wieder, Kënnegen sech grouss Verännerungen oft duerch e staarken Wand un. Dësen neien a frësche Wand bitt awer, wann een d’Segele fréi genuch a richteg setzt, Méiglechkeet sech a néi a fruchtbar Gewässer ze bewegen.
D‘Mensche bei groussen d’Verännerunge mat an d‘Boot ze huelen, heescht couragéiert a mat kloren Entscheedungen d’Weiche fir d’Zukunft richteg ze stellen, hinnen des Verännerungen an de Kurswiessel ze erklären an d‘Chancen opzeweisen. D‘Weiche goufe vum Wirtschaftsministère mam Schafe vu neie Wirtschafts-Clustere wéi ICT, life-ciences an eco-technologies richteg gestallt. Konkret a verständlech mam Bierger kommunizéiert gëtt awer net. Besonnesch dramatesch ass dëst am Enseignement de Fall wou et konsequent verpasst gëtt eiser Jugend déi néi Wirtschaftssecteuren a –aktivitéite mat de néidege Qualifikatiounen a villfältege Beruffer vun der Zukunft virzestellen.
Wësse wouhin ee well, dat motivéiert! Dat ze wëssen ass also fir vill Lycées-Schüler an dësen Zäiten net liicht, well keen hinnen de radikalen technologeschen a wirtschaftleche Schrëtt an e neit Zäitalter vermëttelt, well keen hinnen hir berufflech Méiglechkeete pädagogesch a lieweg opweist, well kaum Kontakt mat der Wirtschaft besteet an esou keen deene Jonke richteg Loscht op hir villverspriechend berufflech Zukunft mécht! Dëst ass e Verloscht fir d’lëtzebuerger Economie, déi dringend Aarbechtskräfte mat de passende Qualifikatioune brauch an eng Gefor fir vill Jonker déi onmotivéiert déi falsch Formatioune wielen an esou hir berufflech Zukunft riskéieren ze verspillen.
Konkret: Tëscht der Schoul, besonnesch de Lycées classiques, an der Wirtschaft&Fuerschung, fehlt eng strukturéiert an aktiv Vernetzung a Form vu Stagen, Visites d’entreprises a Presentatiounen. E puer gutt Initiativ bestinn, anerer wéi „hellofuture“ vun der Fedil sinn um Entstoen. Et gëtt awer verpasst des Initiativen, ausserhalb vum Educatiounsministère, onofhängeg a secteuriwergreifend ze koordinéiere fir se wierklech ALLE Schüler an ALLE Lycée’en efficace a qualitéitsgepréift unzebidden an domat niewebäi nach e Beitrag zur Chancëgläichheet ze leeschten.
Mat dëser Schoulrentrée huet den Edukatiounsministère de Lycée’en méi Autonomie an der Gestaltung vun hirem pädagogeschen a fachleche Profil gin an domatt och d’Verantwortung wiert d’zukünfteg Orientatioun a Qualifikatioun vun eiser Jugend zumindest deelweis aus der Hand gin. Domatt lancéiert den Edukatiounsministère bewosst oder onbewosst e Konkurrenzkampf tëscht de Lycée’en an tëscht den eenzele Fächer an de jeeweilegen d’Lycée’en.
En Argument méi fir grad de wichtege Kontakt mat der Wirtschaft&Fuerschung am Kader vun der Schülerorientatioun a -motivatioun, net och de Lycée’en individuell ze iwwerloosse, mee enger zielféirender asbl oder Fondatioun mat alle wichtegen Acteuren an hirem Conseil d’administration an enger engagéierter a pragmatescher Equipe um Terrain.