RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Marc Müller, 17/05/2017


Listen Later

Carte blanche 16: Orientation am Zäitalter vun der 3. industrieller Revolutioun
Engersäits geet aus Etuden ervir, datt eis Schüler grouss Orientatiounsproblemer hun, wa sie, op 9e, resp. 4e hir Fachrichtung oder Sektioun am Lycée wielen sollen an och, wann et op 13e, resp. 1re, heescht sech fir e Studium op enger Héichschoul ze entscheeden. Anerersäits ass d’Schaafen vun der neier Informatik-Sektioun-I am Enseignement Secondaire endlech och zu Lëtzebuerg de schoulpoliteschen Ausdrock dovun, datt eng digitaliséiert a robotiséiert Welt eist d’Zesummenliewen a besonneg d’Berufswelt dramatesch veränneren wäerten.
Vun desen wirtschaftlechen Verännerungen kreien déi Jonk awer kaum eppes mat, well hinnen dat néidegt economescht Wëssen iwwert de Wirtschaftskreesslaf an d’Wirtschaftsakteuren fehlt. Kréichen d‘Schüler economesch Basiskenntnissser vermëttelt, da wier hiren Interessie un Wirtschaftsnorichten méi grouss, sie wieren besser informéiert a kéinten hir Chancen an der zukünfteger Beruffswelt besser notzen. Dest och zum Virdeel vun den lëtzebuerger Entreprisen, denen et emmer méi schwéier fällt dat passend qualifizéiert Personal heiheem ze fannen.
Mee dir, als Elteren, wesst dir weien Beruffsbilder riskéieren ze verschwannen a kennt dir d‘Wirtschaftsclusteren mat deenen d’lëtzebuerger Regierung de Wuesstem an d‘Arbechtsplatzen vu muer schafen well? A wéi beurteelt dir, als Wieler, d’Budgetspolitik vun der Regierung? Hutt dir, als Konsument, op ärem Hypothéikenkredit e variabelen oder e fixen Zënssätz a wat bedeit dat?
Wann dir op derart Froen keng kloer Äntwert wësst, da sid dir net alleng: Déi grouss Majoritéit vun Erwuessenen wënscht sech, sie hätten méi wirtschaftlecht Allgemengwessen, kruten dest awer an der Schoul net vermëttelt. Datt och haut nach déi allermeeschten Schüler de Lycée ouni des, fir hiren Alldag noutwendeg, economesch Kenntnisser verloossen ass ëmsou méi bedauerlech.
Fir hir schoulesch, universitär a berufflech Orientatioun brauchen déi Jonk awer Basiswessen iwert déi economesch Aspekter vun hirer Liewenswelt an zB Kenntnis vun den Wirtschaftssecteuren mat Zukunft, wéi Informatik, Logistik, life-sciences oder Emwelttechnologien, oder och den verschiddenen berufflechen Statuter wéi Fonctionnaire, Salarié an Indépendant.
Och fir hir finanziell a politesch Entscheedungen an hirem Privatliewen responsabel treffen ze können, brauchen déi Erwuessen a Wieler vu muer, e Minimum u “culture générale” an Economie a Finanzen. Wat virun 20 oder 30 Joer net noutwendeg war ass et haut, gëtt duerfir vun der OECD gefuerdert an gouf, z.B., 2011 vun eisem Noper Frankräich duerch d’Aféierung vun engem obligatoreschen Economie-Cours fir all Lycées-Schüler ëmgesat.
An eisen Demokratien dominéieren d’Wirtschafts- an d’Finanzpolitik d’ Noriichten an d’Wirtschafts- a Finanzministeren decidéieren zesummen mat Lobbyisten a Multinationalen iwert de Laf vun der Welt  ... Mee, eng Wirtschafts- a Finanzbildung fir d’Matbierger geet et net.    
Héich Zeit also fir der berufflecher Orientatioun am Secondaire an dem generellen Wirtschafts- an Finanzwessen vun eisen zukünftegen Generatiounen en noutwendeg an zolitt Fundament ze géissen andeems obligatoresch Economiescoursen fir all Schüler agefouert gin: informativ, aktuell, interessant an no um Alldag vun de Léit.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners