RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Marc Muller, 26/02/2018


Listen Later

Statt onbefristet Arbechtskontrakter get et a villen europäeschen Länner a besonneg fir Jonker emmer méi CDD’en, dh. contrats de travail à durée déterminée. Statt nie méi an d’Schoul nom Lycée, heescht et “life-long-learning”. Statt festen Arbechtszeiten as emmer méi Flexibilitéit gefrot. Statt all Moies op de Bureau get emmer méi oft Téléarbecht aus eng Alternative. D’Entreprisen setzen hir Arbechtskräften emmer méi flexibel a punktgenau an an optimiséieren esou hir Arbechtsprozesser fir am weltweiten Wettbewerb ze bestoen an hiren Actionnaires méiglechst héich Dividenden ze garantéieren.
Op der anerer Séit änneren sech d’Usprëch vun de salariés. Statt no Auslandsasätz a coolen Metropolen, froen jonk Universitären neierdengs no “sabbaticals” a “congé parental”. An d’Wönsch vun den verschiddenen Generatiounen no “work-life-balance” oder “Fréiheet & Flexibilitéit” dreinen nees zereck a Richtung “Secherheet & Stabilitéit”. 
D’Symbiose vu Robotisatioun an Digitalisatioun verännert d’Berufsprofiler a léisst Arbechtsplatzen verschwannen a neier entstoen! Tendenziell erschaafen zukünfteg manner, awer emmer besser qualifizéiert Arbechtskräften an “Zesummenarbecht” mat kënschtler Intelligenz a Roboteren emmer méi héich “valeurs ajoutées”, déi Lëtzebuerg fir d’Ofsecherung vu sengem Wuelstand an eng nohalteg Croissance och brauch.
D’Verännerungen an der Kombinatioun vun “Arbecht & Kapital” am Produktiounsprozess stellen eis Gesellschaft esou viru nei Erausfuerderungen, och, mee net nemmen an der Bildungspolitik.  An hei stinn d’Regierungen an der Verantwortung! Déi lëtzebuergesch an europäesch Wirtschaft a Gesellschaft brauch e modernt an harmoniséiert Stéier-, Arbechts- a Sozialrecht daat engerseits den europäeschen Entreprisen d’Konkurrenzfähegkeet op den Weltmärt garantéiert an anerseits de Menschen secher, interessant a gudbezuelten Arbechtsplatzen fir e liewenswert Liewen bid.
Déi 3. Industriell Revolutioun an d’Industrie 4.0, mat der Robotisatioun an der “intelligence articifielle”, déi “disruptiv” ons Technologien a Produktiounsprozesser op d’Kopp geheien, bidden awer grad och d’Chance genausou innovativ, jo “disruptiv” d’Zieler an d’Zesummewierken vun den Produktiounsfaktoren grondsätzlech ze iwerdenken an dest an e neien, nohaltegen a méiglechst weltweit gëltegen Wirtschafts- a Sozialmodell ze intégréieren.
Dofir brauch et stark, onofhängeg a visionär Politiker, Parteien an Institiounen, déi d’Ruder fir e nohaltegt Zesummenwierken vun “Arbecht, Kapital a Natur” an d’Hand huelen! Déi zesummen mat den Patronatsverbänn an den Gewerkschaften, am Stil vum “lëtzebuerger Modell” (der tripartite) d’Spillregelen op freien Märt, besonneg awer op den Arbechts- a Finanzmärt, (nei) définéieren an durchsetzen, zum Notzen vun den 99% an dem Fortbestand vum “bloen Planéit”, Erd.
Bestemmt sting et och Lëtzebuerg, no Joerzengten vu “secret bancaire” an innovativen “Stéier-Rulings” engerseits a luewenswerten Initiativen wéi dem “Rifkin-Prozess” an dem “space-mining” anererseits, gud zu Gesicht genausou “innovativ”, jo “disruptiv”, Ideen fir nohalteg Stéier-, Arbechts- an Sozialmodeller ze entweckelen.
Ganz nom Motto “Let’s make it happen”, statt “let it be”! 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

66 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners