RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Marc Müller, 29/06/2018


Listen Later

Bei der Fro ob Steewoll- a Youghurtsfabriken op Lëtzebuerg kommen sollen, geht em d’Standortpolitik an domat em déi langfristeg Ausrichtung vun der nationaler Wirtschaftspolitik a Landesplanung.  
Op Basis vun der Rifkin-Etude iwert déi drëtt Industriell Revolutioun gouf et e politeschen Konsens iwert eben des nohalteg strategesch Ausrichtung. Beim operativen Emsetzen gin d’Meenungen awer auseneen, dest besonneg am Virfeld vun de Chamberwahlen am Oktober, wou d’Parteien elo schon hir Profiler fir hir Stammwieler schärfen.
D’Resultat dovun sin déi agangs erwähnten an op d’place publique gedroen regierungsintern Differenzen durch déi widersprechlech Messagen an d’Welt gescheckt a potentiell Investisseuren veronsechert gin. Zousätzlech get domadden de Versuch de Stigma als Steierparadéis ofzeleen a mam nation-branding eisem Land e neien, “propperen” an dynameschen Image ze gin, sabotéiert.
D’Rifkin-Visioun fir Lëtzebuerg brauch nirwt enger Strategie och eng eenheetlech operativ Emsetzung iwert all Ministerien ewech an eng kohärent Kommunikatioun: no baussen un auslännesch Investisseuren, awer och no bannen un d’Bierger, besonneg un déi jonk Generatiounen. Schliesslech geht et drems hinnen e liewenswert Lëtzebuerg ze iwergin an dem sie gären schaffen, liewen an och wunnen bleiwen kennen. Laut Jugendstudien sti nämlech bei denen jonken Generatiounen och net-finanziell Lieweswënsch ganz uewen op der Prioritéitenlescht.
An trotzdem verfollegen eng Réih Politiker a Wirtschaftsvertrieder en héijen, quantitativen (?), Wuesstem den onverzichtbar wier fir d’Ofsecherung vun eisem Wuelstand, eisen héijen Sozialstandarden a besonneg de Pensiounen, durch déi awer och de lëtzebuerger Staatsbudget belaascht an d’Staatsverscholdung bis 2060 op iwert 150% vum PIB klammen kéint. Eng gelleg Zënslaascht an Hypothéik fir déi nächst Generatiounen.  
D’Alternativ as, an Zeiten vun der drëtter Industrieller Revolutioun, e reng qualitative Wuesstem, mat héijen valeurs ajoutées, awer bewosstem Verzicht op en Deel vum materiellen Reichtum an duerfir engem Zouwuess u Liewensqualitéit: méi Natur a fresch Loft, manner Stress a Stau, méi preiswert Wunnen an e Méi u sozialem Zesummenliewen.
Oder d’Quadratur vum Krees, e Mix vu béidem, wéi se vum Wirtschaftsminister vertrueden gett, mat den Agangs erwähnten Problemer bei der Schärfung vum Profil vu Lëtzebuerg durch arbitraire operativ Entscheedungen a widersprechlech Kommunikatiounen aus den Ministèren.
Wéi an engem vegetareschen Restaurant, den och net zur Secherheet en beef-burger op der Kaart huet, as eng 100% Fokusséierung op e reng qualitativen Wuesstem a Positionéierung vu Lëtzebuerg als “Land mat nohalteger Wirtschaftspolitik an héijer Liewesqualitéit” langfristeg déi richteg a gewennbrengend Strategie. Zum Beispill mat der “Mercury Industry 4.0”-Fabrik vu GOODYEAR zu Diddeleng, awer ouni Steewoll- a Youghurtsfabriken!  
Egal wéi brauch d’Land VIRUN de Chamberwahlen, chiffres et études à l’appui, kloer an éierlech (!) Positionéierungen vun alle Parteien zur langfristeger Zukunftsorientéierung hinsichtlech Profil vum Land, Nohaltegkeet, Wuesstem, Liewesqualitéit, Pensiounssystem a Staatsverscholdung, inklusiv engem offen Débat mat alle Bierger, mat an ouni Wahlrecht.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners