Virun zwou Wochen huet d’Regierung decidéiert, d’Medezin-Ausbildung hei zu Lëtzebuerg auszebauen. Vun 2020/21 un, wäert ee kënnen déi éischt dräi Joer op der Uni Lëtzebuerg maachen, éier et dann am Ausland weidergeet. Manner bemierkt, awer net wéineger wichteg ass: et gouf och festgehale fir Spezialisatiounen no der Generalistenausbildung an zwee Beräicher unzebidden, an der Neurologie an an der Onkologie. Datt grad dës zwou Spezialisatioune gewielt goufen, kënnt net vun ongeféier. Et sinn dëst zwee Gebidder wou mir an deenen zwee leschte Jore Prioritéiten an der Fuerschung gesat hunn; souwuel beim LIH a beim LNS, wéi och beim LCSB vun der Uni. Dës Decisioun vun der Regierung ass also fir onst Land ee ganz wichtege Schratt fir de Wëssenstransfert vun der medezinescher Fuerschung a Richtung applizéiert Medezin weider auszebauen. Ganz nom Prinzip vun „Bench to Bedside“ – Innovatioun vum Fuerschungslabo un d’Krankebett. Dëst zum Virdeel vum Patient. Esou ass zum Beispill vum FNR en Exzellenz-Zentrum fir d’Fuerschung am Beräich Parkinsonkrankheet geschafe ginn, mat Fuerschungsaktivitéiten op der Uni an an de Centres de recherche, awer och mat enger Parkinsonklinik um CHL.
Wat elo nach feelt?
D’Verknöpfung vu Fuerschung, medezinescher Praxis a medezinescher Ausbildung ass zentral, fir och hei zu Lëtzebuerg déi medezinesch Innovatiounen aus der Recherche effizient am Gesondheetssystem ëmzesetzen. Déi konsequent Mannéier fir dëst ze maachen ass duerch Persounen, déi souwuel Fuerscher ewéi och Medeziner sinn, de sougenannten „Chercheurs-cliniciens“. Ewéi gesot, dëst sinn Dokteren oder Dokteren an der Spezialisatiounsausbildung, déi parallel och Fuerschung op der Uni oder an engem Centre de recherche bedreiwen. Mir hunn am Moment nëmme wéineg vun deene Chercheurs-cliniciens an et gëtt keen adequate Kader, wat zu enger Rei Problemer féiert; zum Beispill, datt e Chercheur-clinicien zwee Patronen huet, d’Spidol an de Centre de rercherche. Och ass nach ee gewësse Kulturwandel an onse Gesondheetsinstitutiounen néideg fir datt déi Iddi eng breet Akzeptanz fënnt. Dofir en Appel un all d’Akteuren aus dem Gesondheetsberäich, datt si nieft den engagéierten aktuellen Diskussioune ronderëm de Plan hospitalier och de méi wäiten Horizont am A ze behalen. Besonnesch bei de jonken Dokteren déi an de Beräicher Neurologie a Kriibs hir Spezialisatioun maachen, deene sougenannten „Médecins en voie de spécialisation“, soll d’Méiglechkeet geschafe ginn, tëschent klinescher Praxis a Fuerschungsaktivitéit ze alternéieren. Dofir muss awer ee kloere Kader bestoen, esou wéi dëst och am nationale Plan Cancer recommandéiert gëtt.
De Patient als Haapt-Beneficiaire
Et wier eng grouss Chance fir Lëtzebuerg wa mir dee Wee géifen aschloen. D’Investissementer déi mir an d’Fuerschung gestach hu kéinten esou nohalteg zum Benefice vun de Patiente genotzt ginn.