“Wat ass Wourecht?” huet schonns virun 2000 Joer den Pontius Pilatus gefrot.
Am Kontext vum Brexit an der Wahl vum Donald Trump gëtt villfach vun enger Zäit vu “post-Wourecht” geschwat. Dee Begrëff ass zum Wuert vum Joer am Oxford Dictionnaire gekürt ginn. Post-Wourecht oder post-faktesch dat ass eng Astellung wou Fakten an etabléiert Kenntnisser einfach op d’Säit gedréckt ginn.
Beispill Klimawandel: D’Klimafuerscher weltwäit hunn iwwer déi leschte Joren eng Onmass un Donnée gesammelt an analyséiert. Si hunn hir Analysen mat anere verglach, geigenseitesch kritesch hannerfrot, een huet deem anere seng Analyse versicht ze reproduzéieren.
D’Konklusioune si mëttlerweil eendeiteg: De Klimawandel ass eng Realitéit, an en ass och mat vum Mënsch verursaacht. Méi wéi 97% vun de Klimafuerscher weltwäit stëmmen dëser Konklusioun zou.
An dach hu mer elo ee President vun der mächtegster Natioun op der Welt, deen dat einfach niéiert. Et gëtt gemaach wéi wann et just eng Glawensfro wier: Klimawandel, entweder d’gleeft en drun oder net. A wann net, dann huet et och keng Realitéit.
An da kommen nach déi üblech Strategen, fir sech selwer an anerer ze iwwerzeegen: Donnéeën an Analysen gi selektiv gekuckt; Pseudo-Experten ginn aus dem Hutt gezaubert, an alles dat wat engem seng Iwwerzeegung net géif konforméiere gëtt denigréiert.
Mir mussen awer net onbedéngt esou radikal Beispiller ewéi de Klimawandel an den Donald Trump uféieren.
Hei bei ons, féiere mer am Moment erëm eng Diskussioun iwwert eent vun onse Lieblingsthemen: d’Plaatz vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Gesellschaft. Mee och heizou gëtt et mëttlerweil zimlech detailléiert an komplett Donnéeën, déi ënnert anerem vum STATEC erhuewen ginn. An d’Sproochfuerscher op der Uni Lëtzebuerg hunn déi Donnéeën méi genau analyséiert a kommen zu engem méi nuancéierte Resultat, dass Lëtzebuergesch eng ganz vital Sproch ass. Ëmmer méi Leit schwätze Lëtzebuergesch. Ëmmer méi vun onsen auslänneschen Matbewunner léiere Lëtzebuergesch. Et kann also keng Ried dervu sinn, dass ons Mammesprooch riskéiert ënner ze goen.
D’Fuerschung berout grondsätzlech op Fakten, op bewisen Resultater. Sie entwéckelt sech weider, well ee Fuerscher sech, natierlech mat engem kritesche Bléck, op Resultater vun anere Fuerscher baséiere kann. Des Fuerschungsresultater, déi ëmmer rem iwwerpréift ginn an iwwert eng länger Zäitspan erreecht goufen, kennen dozou bäidroen, iwwert d’Fuerschung eraus gesellschaftspolitesch Entscheedungen ze motivéieren an ze ënnermaueren