Sinn Männer die besser Fuerscher a Wëssenschaftler? Wann een e Bléck op déi europäesch Statistiken werft, dann kéint een dat bal mengen. Ëmmerhin sinn nëmmen 24% vun den ugestallten Fuerscher hei zu Lëtzebuerg Fraen. Deemno wier den Indicateur „Mann sinn“ mei wichteg fir eng wëssenschaftlech Carrière ze maachen, wie, soe mer, Talent, Virwëtz, Passioun, Integritéit oder intellektuell Capacitéiten. Wéi soss wier dëse miserabelen Prozentsaz ze erklären? Well et besteet jo keen Zweiwel, dat déi vu mir elo grad opgezielten Attributer ganz gläichméisseg tëscht de Geschlechter opgedeelt sinn.
Mat 24% Fuerscherinnen léit Lëtzebuerg leider e gutt Stéck ënnert dem europäeschen Duerchschnëtt. Mir landen souguer nach mei weit am Keller wann mer bei den zwou Kategorien Universitéitsprofesseren an Fuerscher am Industriesecteur kucken. Aus der PISA Studie vun 2012 kennt eraus, dat Lëtzebuerg zu deene Länner gehéiert, wou d’Dispariteit tëscht de Geschlechter schon an der Schoul an de Beräicher vun der Mathematik an den Naturwëssenschaften am héchsten ass an ganz Europa. Dat et des Disparitéiten an aneren Länner net gëtt déit drop hin, dat d’Ënnerscheeder an de schouleschen Performancen näischt mat ugebuerenen Fäegkeeten ze dinn hunn. Also keng Fro vu den Geschlechter ass!
Wat kënne mer also maachen, fir d’Zuel vun de Meedercher a Fraen bei Beruffer an den Sciencen, Technologien, Ingenieurat an Mathematik ze hiewen? Bei engem Colloque, deen am Fréijoer vun der Staat Lëtzebuerg zesummen mam Fonds National de la Recherche an der Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg organiséiert gouf, hunn eng 100 Participanten sech genau zu dëser Fro Gedanken gemaach. A konkret Conclusiounen formuléiert!
Éischtens brauchen mir e kulturellen Changement an der lëtzebuergescher Gesellschaft. Elteren, Enseignanten, Patron’en an Politiker – mir all mussen ons allgemeng Astellung géigeniwwer der Roll vun den Geschlechter änneren an eng ganz Reih vu Stereotyppen ewechgeheien. Dëst betrefft natierlech net nëmmen d’Wëssenschaft. Mir mussen gemeinsam dru schaffen, fir allen een inklusiven an fairen Aarbeschtenvironnement unzebidden. Fir d’Fuerschung speziell wichteg ass et de Wëssenschaftler mat Kanner mei Flexibilitéit an Ënnerstëtzung ze ginn. E Fuerscher huet vill professionell Contraintë. Zum Beispill Reesen, fir international Zesummenaarbecht an Projet’en ze entwéckelen an op Fachkonferenzen ze schwätzen. D’Carrière an der Wëssenschaft as oft eng Successioun vun CDD’en an verschiddenen Länner; net einfach dat mat Famill an Privatliewen ënner een Hutt ze kreën.
Zweetens mussen mir gemeinsam un enger Wëssensgesellschaft schaffen, an der Meedercher a Fraen sech an de Wëssenschaften natierlech wuel fillen. Dozou gehéiert engersäits eng fréi Fuerderung vun den Sciencen bei den Kanner. Schon virun der Spillschoul, doheem an an den Maison Relais, wou se kënnen fuerschend entdecken.
An anerersäits brauchen die jonk Meedercher och Virbiller – an net just männlecher – déi se inspiréieren an motivéieren. Wann mer haut no berühmten Wëssenschaftler froen, dann falen ons direkt vill Männer an; als Frae kënnen mer meeschtens nëmmen d’Marie Curie nennen. Dobäi ass d’Lescht vun Fraen déi an der Wëssenschaft hiren Mann gestallt hunn, méi laang wie een géif mengen. Huele mer nëmmen d’Beispill vum Maria Telkes, déi d’Solarheizung erfonnt huet an dat éischt komplett duerch Sonnenenergie gehetzten Haus entworf huet.
Sou flagrant Disparitéiten an Ongläichheeten wei ech se ugangs erwäänt hunn, sinn am 21. Joerhonnert net ze vertrieden. Mir mussen ons weider fir d’Egalitéit vun de Geschlechter generell an och an de Wëssenschaften an Fuerschung engagéieren, well mer soss op eng ganz Reih vun talentéierten, passionéierten an engagéierten Persounen sënnlos verzichten.