RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Marc Schiltz, 21/10/2016


Listen Later

Wie gouf scho mol operéiert a krut eng Blutttransfusioun? Wee kennt een, dee mat Kriibs geheelt gouf?  Dest si just 2 Beispiller vu villen, wou medezinesch Fortschrëtter mat Hëllef vun Déiereversich erreescht goufen. Op déi meescht Erongenschaften wéilte mer haut wuel kaum méi verzichten.
Kengem – och kengem Wëssenschaftler – maachen Déiereversich Spaass. Ma wa mer medezinesche Fortschrëtt weiderhi wëllen, si mer an engem moraleschen Dilemma:
Engersäits hu mir Mënschen a Wëssenschaftler eng moralesch Verpflichtung, fir d’Rechter vun den Déieren ze schützen. Anerersäits wëlle mer nei Therapie eréicht dann um Mënsch ausprobéieren, wann mer  mat beschtem Gewësse kënne soen, se wieren wierksam an onbedenklech.
Dat ultimativt Ziel ass, fir un Alternativen ze fuerschen, fir dass mer keng Déiereversich méi brauchen.
An dësem Gebidd ginn et och scho vill Fortschrëtter, och hei zu Lëtzebuerg. Um Luxembourg Centre for Systems Biomedecine hu Fuerscher z.B. eng Art kënschtlechen Daarm entwéckelt. Desen erlaabt et Experimenter  duerchzeféieren, an engem ähnlechen Ëmfeld wéi  an engem liewegen Organismus.
Ma et ginn awer nach vill Fäll wou d’Alternativen zu den Déiereversich net fiabel genuch sinn. An hei gëllt, dass d’Wëssenschaft sech selwer streng Reegele gëtt. An dat ass och de Fall!
Déiereversich sinn nëmmen erlaabt, wann et dofir e vertrietbaren Notzen a keng alternativ Methode gëtt. Zanter 2013 ass et z.B. an Europa net méi erlaabt Déiereversich fir Kosmetik duerchzeféieren.
Ausserdeem gëllt an der Wëssenschaft d’Reegel vun den 3 R: Replace, reduce, refine. Wa méiglech sollen Déiereversich ersat ginn duerch alternativ Methoden. Wann dat net méiglech ass, soll d’Unzuel un Déieren sou wäit wéi méiglech reduzéiert ginn. A schliesslech sollen d’Liewensbedingunge vun den Déiere sou angenehm wéi méiglech gestalt ginn – wat alles duerch eng EU-Direktiv dictéiert gëtt.
Och zu Lëtzebuerg ginn Déiereversich gemaach, an de Fuerschungsberäicher Kriibs, Nervesystem, Immunsystem an Häerzkreeslafsystem. D’Déieren déi hei agesat gi, sin ausschliesslech Mais, Raten an Zebrafësch. D‘ Fuerscher musse fir all Projet deen Déiereversich involvéiert, eng Erlaabnis vum Ministère de l’Agriculture an dem Ministère de la Santé kréien. D‘Ministère kontrolléieren, ob d’Déiereversich wierklech néideg sinn, an ob d’Virgabe vun der EU Direktiv agehale ginn. Virdrun evaluéiert och schonn en Ethikcomité um Fuerschungsinstitut de Projet a steet de Fuerscher mat Rot zur Säit.
All des Reegele weisen: Och de Wëssenschaftler läit d’Wuel vun den Déieren um Häerz. A si sinn sech dem moraleschen Dilemma wuel bewosst. Wéi ugangs gesot ass et lo d’Ziel laangfristeg Déiereversich duerch alternativ Methoden ze ersetzen. Ob a wéini dat wäert méiglech sinn, bleift ze gesinn. An der Tëschenzäit gëllt et, oppen iwwer Déiereversich ze kommunizéieren. Dofir och des Carte Blanche.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners