RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Méi Preventioun, manner Repressioun, 23/03/2018


Listen Later

500.000 Knöllercher.

All Joer stierwen am Land ronn 4.000 Mënschen. D’Medien schéinen sech nëmmen fir eng Doudesursaach ze interesséieren: d’Accidenter op der Strooss.

Dobäi gëtt et méi ewéi duebel esou vill Accidenter doheem ewéi op der Strooss. Trapen sin doudgeféierlech. Dat schéngt d’Politik net ze interesséieren. Och iwert Drogen-Doudeger oder iwwert Suicide gëtt kaum geschwat. Obwuel et dräi Mol méi Suicide ginn, ewéi Verkéers-Affer.

Et goufe vill Ustrengungen gemaach, fir d’Autos-Accidenter ze verréngeren. 1970 gouf et 132 Doudeger bei engem Automobilpark vun 113.000 Vehikelen, gengt 500.000 haut. Besser Autoen, besser Stroossen, méi Policepräsenz hunn bewierkt, dass et 2016 32 Doudeger gouf, 2017 souguer nëmmen 25.

Den Minister Bausch huet sech felicitéiert fir dësen Réckgang, a féiert dat op d’Raderen zeréck, déi säit elo 2 Joer d’Vitesse iwwerwaachen.

Trotz de permanenten Kontrollen sin an den éischten 60 Déeg vum neien Jo’er schons 13 Doudeger ze bekloen.

Dat ass net Schold vum Minister, mais d’Resultat vum Feelverhalen vu Mënschen, déi hir Fäegkeeten iwwerschätzen.

Soulaang et Menschen hannert dem Steier gëtt, wäert et ëmmer nees Accidenter ginn.

Secher, d’Politik muss réagéieren. Mais muss wirklech ëmmer méi Repressioun gin? Eng Repressioun déi wéineg bewierkt.

Iwer eng hallef Million Automobilisten goufen schonn geblëtzt. Et gëtt een de Verdacht net lass, dass d’Akasséieren den Haptzweck ass.

Een Drettel vun de Knöllercher huet d’Iwwerschreiden vun der Vitesse em 4 oder 5 km/Stonn bestrooft. Weider 40% Automobilisten sinn ofkasséiert gin, well se 6 bis 10 km/Stonn ze schnell waren. Des dräi Véierel sinn keng Raser. Zumools déi meeschten Radaren net op geféierlechen Platzen stinn, mais manifestement dem Staat als Cash-Maschinne dengen.

De Strofenregester ass och net gerecht. Wien an enger Zone 70 mat iwer 74 km erwëscht gëtt, muss 49 € Strof bezuelen. Déi selwecht Strof gët fälleg, wann een an enger 50 km-Zone bis zu 23 km ze schnell ass.

Hei muss déi nächst Regierung fir méi Logik suergen a virun allem d’Toleranzen eropsetzen. Wien am Frankräich bis zu 5 km iwert der Limit as, gëtt net bestrooft. Zu Lëtzeburg get kasséiert, ouni dass d’Accidenter verschwannen.  

Eng richteg Analys vun den Accidenter géif secherlech erbréngen, dass mat Stroossen-baulechen Moossnamen vill Accidenter ze verhënneren wären. Amplaz ëmmer méi  Repressioun as méi Prävention néideg.



 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

59 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners