RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Michel Maquil, 01/10/2018


Listen Later

Eng vun den Uersaachen vun der Finanzkris war déi datt massif mat Finanzprodukter geschafft ginn ass déi héich riskant a komplizéiert waren a déi wéineg Leit richteg verstanen hunn. Dann haten déi Produkter och nëmme wéineg mat der reeller Wirtschaft ze dinn.
Logescherweis gouf sech no der Kris erëm méi op traditionnell Finanzprodukter konzentréiert déi wa nëmme méiglech, och nach een nohaltegen Impakt op d'Wirtschaft hun.
Vun deem Ament un ass den "investissement socialement responsable" massif ausgebaut ginn. Hei geet et virun allem drëms datt, dat wat finanzéiert gëtt, kee Schued mat sech bréngt fir d'Emwelt, d'Gesondheet vun de Mënschen a fir déi gesamt Wirtschaft.
Eng weider Entwécklung ass dann den „Impakt Investment“. Hei geet et net nëmmen drëm kee Schued ze maachen, mä et gëtt doriwwer eraus versicht ee spezifesche, kloer definéierten, positiven Impakt ze bewierken. Oft dréit et sech em Projetë fir erneierbar Energien ze installéieren mä et kënnen awer och Projetë si fir d'Arbechbedingunge markant ze verbesseren oder dann eng nei propper Technologie an engem Betrib oder esou guer an enger Géigend anzeféieren.
Derbäi soll deen "Impakt Investment" selbstverständlech och ee gewësse „rendement“ erbréngen deem de Risiko dee geholl gëtt ugepasst ass. Mä wann elo dee „rendement“ ganz genee berechent gëtt, da muss awer den Impakt deen erreecht gëtt duerch deen Investment, grad esou prezis bestëmmt ginn. Dee positiven Impakt muss eng laangfristeg Wierkung hunn an och dat muss regelméisseg kontrolléiert ginn an den Investisseur kritt och eng deementspriechend Informatioun.
Zu Lëtzebuerg hu mir eng Rei Akteuren am domaine vun "Impakt Investment" déi weltwäit aktif sinn. Et geet drëm fir esou Projeten ze fannen an dann och déi Form vun Investissementer ze proposéieren, déi am beschte gëeegent ass fir de gewënschten Impakt ze erreechen.
Wéi déi traditionnell Finanzaktivitéit, ass och den „Impakt Investment“ villfälteg an e ka spezifesche Situatiounen ugepasst ginn. Esou kann eng Klausel virgesi ginn datt déi Zënsen vun engem Emprunt déi all Joer solle bezuelt ginn esou laang zréckgehale ginn, bis dee gewënschten Impakt bewisenermoossen erreecht ass.
Fir den Ament ass den „Impakt Investment“ nach eng Form, déi méi vu groussen Investisseure praktizéiert gëtt, mä et wier awer och gutt wann den „Impakt Investment“ am besonneschen, wéi och den "investissement socialement responsable" am allgemengen, méi breet ugebuede kéint ginn, fir datt och ëmmer méi privat Leit hei direkt kéinte matmaachen.
Fir den Impakt ze ënnerstëtzen a weider ze ëntwéckelen ass eng gutt Zesummenaarbecht tëschent de staatlechen Instanzen, der Weltbank, der BEI, de Forschungsinstituten, de Banken an den ONGen ubruecht. An dann ass et och wënschenswäert datt d'Banken systematesch esou Finanzprodukter prominent hiere clientë proposéieren.
Mam „Impakt Investment“ huet de Client zwar ee méi bescheidene rendement wéi mat spekulative Finanzprodukter, mais hien erreecht dat mat engem Produkt, deen e versteet a wou hie sech selwer kann iwwerzeegen datt säin Investment ee positiven Impakt bewierkt.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners