RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Michel Maquil, 12/07/2017


Listen Later

An der leschter Zäit sinn eng Rei Banken an aner Finanzinstituter verstäerkt mat enger spezieller Zort Obligatiounen op de Marché komm an zwar déi sogenannte Green Bonds oder gréng Obligatiounen. Am Fong handelt et sech hei ëm ganz normal Obligatioune mat deem eenzegen Ënnerscheed datt mat deem Geld wat hei agesammelt gëtt nëmme Projeten ze finanzéiert ginn déi ee groussen nohaltegen Impakt op d'Ëmwelt hunn. Dat kënne Projeten si wéi d'Produktioun vun erneierbar Energie, d'Ariichten vun Transportsystemer déi keen CO2 ausstossen, den Opbau vun nohaltege Waasseropbereedungsanlagen oder vu moderne Kläranlagen

Een Emetteur vu gréngen Obligatioune muss sech allerdéngs verflichten alles a voller Transparenz ze maachen. Esou kann den Investisseur sech vergewësseren datt, während der ganzer Lafzäit vun der Obligatioun, den Emetteur sech un déi Verflichtungen hällt déi hien ëffentlech agaangen ass.

Den Emetteur beweist esou datt hie sech fir eng nohalteg Entwécklung vun der Economie asetzt. Dat erlaabt him dës Obligatioune relatif einfach bei enger Rei Investisseuren ze plazéieren. Et ginn ëmmer méi Investisseuren déi esouguer nëmmen gréng oder ähnlech Obligatioune kafen, well se iwwerzeegt sinn dat Betriber nëmmen eng Chance hu laangfristeg ze iwwerliewen, wann se reng nohalteg Ziler verfolgen.

U sech ass eng gréng Obligatioun ee Finanzinstrument dat liicht verständlech ass an och zu Recht ee groussen Interesse mat sech bruecht huet. Déi héich Zuel vun dëse gréngen Obligatiounen ass de beschte Beweis datt et sech em ee bleiwenden Trend handelt. Den Investisseur kann esou dee Projet hëllefe finanzéieren deen him am meeschten um Häerz läit. Et ass eng Iwwerleeung déi laangfristeg orientéiert ass.

Zënter kuerzem huet LuxFlag, eng Lëtzebuerger Associatioun ugefaangen ee Qualitéitslabel fir esou gréng Obligatiounen eraus ze ginn, wat de choix vum Investisseur nach méi einfach mécht. Et kann ee Luxflag nëmme félicitéieren fir dës Initiativ déi si geholl hunn.

Wann een elo als einfachen Investisseur esou gréng Obligatioune bei der Suscriptioun wëll kafen, da kritt ee gesot datt déi nëmme fir professionel Investisseure reservéiert sinn. Fazit: et kann een se da zwar nach indirekt z.B. iwwer een “Investment Fong” kafen, mä dat bréngt automatesch méi komplizéiert Strukture mat an d'Spill a sécher och méi Onkäschten.

Dat ass Schued well grad an enger Zäit wou op manst an der Europäescher Unioun och nach de Kapitalmaart soll staark gefërdert ginn, a wou zur selwechter Zäit vill Leit bereet sinn hier Erspuernisser geziilt ze placéieren, wieren dach esou einfach a liicht verständlech Finanzprodukter deen ideale Wee fir esou Ziler ze erreechen an ee maximum Leit direkt mat anzebannen.

Lëtzebuerg den 12. Juli 2017



...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners