Wéi den 23. Juni déi englesch Wieler ganz onerwaart fir de Brexit gestëmmt hunn, gouf och déi weltwäit Finanzindustrie um falsche Fouss erwëscht. Et hat keen esou ee Resultat erwaart an et waren och keng Virbereedunge fir esou eng Eventualitéit getraff ginn.
Grouss international Banken an Finanzinstituter hu sech nämlech an der englescher Haaptstad niddergelooss fir vun de villen Avantagen ze profitéieren déi dës Plaz bitt. Hei kënnen si hier Aktivitéiten gutt entfalen a gläichzäiteg vun de Virdeeler vum “marché unique européen” profitéieren fir Clienten aus aneren europäesche Länner ze bedéngen. Esou konnt London sech ganz erfollegräich iwwer Joerzéngten konsequent als eng Finanzplaz vu Weltformat entwéckelen.
Duerch de Brexit muss dee “business model” kuerzfristeg iwwerduecht an un déi nei Realitéit ugepasst ginn. Well wéineg Leit weeder mat kuerzen nach mat einfachen Verhandlunge rechnen, fir den Austrëtt vun England aus der EU ze reegelen wäert sech och nach eng relatif laang Zäit vu groussen Onsécherheeten erginn, bis dee neie Kader steet.
Elo muss een nach derbäi soen dass de Brexit besonnesch déi europäesch Finanzwelt op engem ganz schlechte Moment trëfft, well se nach ëmmer un de Konsequenzen vun der Finanzkris vun 2008 leit wat sech an enger schwaacher Rentabilitéit vu ville Banken a Finanzinstituter erëmspigelt. Esou si bei villen europäeschen Häiser déi dringend néideg Restrukturatiounen nach guer net ofgeschloss.
Sécher maache sech eng Rei Finanzplazen aus aneren EU Länner zu Recht Hoffnungen fir elo nei Aktivitéite vu London eriwwer ze kréien, mä dat verlaangt vill Ustrengunge vun deenen Haiser an dat lenkt dann och nach of vun aneren Aktivitéiten.
Derzou mussen déi Finanzinstituter gezwongenerweis hir Aktivitéite relatif kuerzfristeg ëmschichten,wat op manst zäitweileg weesentlech méi Käschten generéiert a weider negatif Konsequenzen op hir Rentabilitéit kritt.
Deem géintiwwer kënnen déi Avantagen, déi op enger anerer Finanzplaz kënnen ëntstoen, well do nei Aktivitéiten ugesidelt ginn, dach kleng erschéngen nieft den héijen Onkäschten, déi duerch de Brexit bei de groussen Haiser entstinn.
An deem Kontext musse sech besonnesch d'Akteuren aus der Mikrofinanz an all hiere Variante Gedanke maachen wéi et mat hinne weider geet. Et muss ee schon unerkennen datt an de läschte Joere vun enger Rei Finanzinstituter d'Mikrofinanz staark ënnerstëtzt ginn ass an och relatif vill an déi Branche investéiert gouf. Elo lauert d'Gefor datt duerch all déi Ustrengungen, déi elo ënnerholl ginn fir de Konsequenzen vum Brexit ze begéinen, d'Mikrofinanz an Hannerdreiwe kënnt oder dann net méi déi Prioritéit behällt déi se elo nach huet.
All Akteure vun der Mikrofinanz mussen sech deem bewosst sinn a sech doropper astellen. Et gëllt vun alle Säiten déi néideg Ustrengungen ze ënnerhuelen fir datt d'Mikrofinanz och nach weider déi Bedeitung behale kann, déi se an de läschte Joeren opgebaut huet an déi och bluttnéideg ass am Kampf géint d'Aarmut.