Wéi den Amerikanesche President Donald Trump no senger Vereedegung déi éischt Ried gehalen huet, huet hien de Slogan “America First” gebraucht. Domat wollt hie soen datt hie vun elo un an all senge politeschen Aktiounen d'Interesse vun Amerika systematesch un éischter Plaz géif setzen.
Wann de President vun der gréisster Wirtschaftsmacht op der Welt sech esou ausdréckt, ass dat ee ganz staarkt Signal wat zu Recht fir vill Opreegung weltwäit suergt.
Et ass awer esou datt dat eent oder anert Land, wat och d'Ambitioun huet eng Weltmacht ze ginn, schon zënter enger gewësser Zäit esou eng Politik weltwäit verfollegt. Dat gesäit ee besonnesch an Afrika, wou esou Länner skrupelos mat egal wat fir engem politesche Regime verhandelen fir esou gënschteg wéi méiglech u Rohstoffer oder landwirtschaftlech Produkter ze kommen. Si kucke ganz einfach nëmmen no hieren eegenen Interessen an interesséiere sech guer net drëms ob si domatter dat Land an Afrika viru bréngen oder dem Land a séngen Awunner schueden.
Fir Afrika ass dat eng reegelrecht Katastroph. Besonnesch bei de jonke Leit, vun deenen déi allermeescht eng schlecht Ausbildung hunn, wa se dann iwwerhaapt eng Ausbildung hunn. Si fannen hier Plaz net méi an esou enger Gesellschaft wou et praktesch keng Wäerter méi ginn. Esou bleift hinne wuel kaum eng aner Méiglechkeet wéi déi aus hierem Land fortzezéien. D'Signalwierkung vum President Donald Trump senger Politik kéint iwwregens nach aner grouss Länner derzou bréngen him et nozeman.
Esou verwonnert et keen datt et ëmmer méi schwiereg gëtt eng nohalteg Entwécklungspolitik an Afrika ze bedreiwen. Esou eng Politik muss drop aus sinn, fir den Awunner vun deene betraffene Länner an Afrika mat Respekt ze begéinen an hinnen Méiglechkeeten ze bidden fir datt si aus eegener Kraaft aus hierer schwiereger Situatioun eraus kommen.
Déi meescht Europäesch Länner, an ënnert hinnen op enger prominenter Plaz, Lëtzebuerg, versichen nach esou gutt wéi méiglech eng nohalteg Entwécklungspolitik ze verfolgen. Dat ass eng Politik wou een elo hëlleft, mä erréicht a wäiter Zukunft op ee Retour kann hoffen.
Vill Lëtzbuergesch ONGen setzen op d'Mikrofinanz an all hiere Varianten an effektif ass dat eng vun de beschte Methoden, fir den Awunner an de betraffene Länner, lokal eng sënnvoll Zukunftsperspektif ze ginn. Et ass eng Aktioun vu ville klengen a wéineg spektakuläre Schrëtt déi awer laangfristeg ee ganz groussen Impakt mat sech bréngen.
An da geet et net duer mat esou enger Approche op Afrika duer ze goen, well nach mussen déi afrikanesch Länner motivéiert gi fir esou eng Hëllef unzehuelen. An och dofir ass dem President Donald Trump seng Ausso net hëllefsräich.
Lëtzebuerg den 15. November 2017