RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Michel Maquil, 17/01/2018


Listen Later

Virun e puer Méint huet zu London d'House of Lords e gréissere Rapport opgestallt iwwer all déi Leit, déi et ëmmer méi schwéier hu fir nach einfach Finanzoperatioune kënnen ze maachen. Si mussen entweder héich Käschten droen oder si kréien Finanzservicer déi hiere spezifesche Besoinen net entspriechen. Hei huet d'House of Lords ze bedenke ginn datt esou Leit faktesch aus dem Finanzsysteem ausgeschloss sinn. Dann ass et awer esou datt, ouni adequat Finanzservicer, déi Leit keng laangfristeg Finanzplanung kënne maachen.
Dat ass besonnesch traureg fir England wou op der Londoner Finanzplaz regelméisseg nei Produkter a Servicer op de Maart kommen déi bestëmmt si fir eng Clientèle, déi e grousst Verméigen hunn, wou dann awer fir déi aner sougenannte kleng Clienten kaum eppes gemaach gëtt. Deen Trend setzt sech sécher weider duerch, esou datt d’Distanz tëschent ”aarm” a “räich” weider wiist.
D'Englesch Regierung, déi duerch dee Rapport erausgefuerdert ginn ass, huet dorop eng Rei Moosname virgestallt fir dëser Evolutioun entgéintzewierken.
Déi eng Moossname sinn dofir ze suergen datt all Client, op räich oder aarm, Accès huet zu enger Rei Finanzprodukter a Déngschtleeschtungen déi esou wuel nëtzlech wéi och bezuelbar sinn. Dat ass eng breet Panoplie vu Servicer, déi esouguer “Payment Systemer” an Versécherunge mat abegräifen. Hei ass d'Zesummenaarbecht noutwenneg, vum Staat mat de Banken, den Iwwerwaachungsautoritéiten an den Konsumenteschutzorganisatioune. Et gëllt net nëmmen déi Palett vu Servicer a Produkter opzestellen, mais et gëllt och se ze iwwerwaachen an se regelméisseg de Besoine vun de Clienten an vun den neien Technologien unzepassen.
Déi aner Moossname sinn déi, fir ze suergen, datt jiddereen déi néideg Kenntnisser ka kréien fir dës Produkter a Servicer optimal kënnen ze benotzen. Dat soll sécher prioritär iwwert de Schoulsysteem geschéien mä doriwwer eraus muss och all Client d’Méiglechkeet kréie fir sech déi néideg Kenntnisser lafend un ze eegenen.
Och zu Lëtzebuerg musse mir eis, an dëser Hisiicht, eng Rei Gedanke maachen.
Mir gesinn och hei datt ëmmer méi Leit net méi matkomme mat den informatiséierte Finanzservicer an derbäi sinn dat nach laang net nëmmen eeler Leit, mä esouguer jonk Leit hunn et heiando guer net einfach.
D'Digitaliséierung am Finanzsecteur wäert elo vill Ännerunge mat sech bréngen. Hei kréien besonnesch Clienten déi ee gewëssent Verméigen hunn nei Méiglechkeete fir präisgënsteg ganz interessant Operatiounen ze maachen, fir esou hiert Verméigen ze vergréisseren
Et ass dofir och zu Lëtzebuerg onbedéngt noutwenneg fir ze suergen datt de Finanzsystem esou evoluéiert datt en am Déngscht vun der gesamter Bevëlkerung steet a bleift, an datt keng Kategorie vu Clienten den Androck kritt si misst iwwerproportional  Käschten droen, fir dann zweetklasseg Servicer a P

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

66 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners